Am August si béid Pandabier-Bëbeeë am Zoo bei Paräis op d'Welt komm, elo krute si offiziell hien Numm.

E Schëld mat hiren Nimm gouf en Donneschdeg am Zoo vu Beauval vun hirer Giedel an hirem Pätter, dem franséische Futtballstar Kylian Mbappé an dem chineseschen Olympia-Vainqueur Zhang Jiaqi, presentéiert.

D'Nimm vun de Klenge wieren ugehaucht un d'Nimm vun hire Panda-Elteren a symboliséieren déi enk Verbindung vu China a Frankräich, sou d'Zoo-Driectrice Delphine Delord.

Fir eng éischte Kéier konnten d'Fans vun den 2 Mini-Pandaen iwwert d'Nimm um Internet ofstëmmen. Iwwer 112.000 Mënschen hate sech doru bedeelegt. Normalerweis bestëmmt dem President vu China seng Fra d'Nimm vun nei gebuerene Pandaen, besonnesch awer well Pandaen just aus China geléint ginn.