2020 gouf de Véierbeener schwéierblesséiert an engem Bësch zu Krasnodar am Südweste vu Russland fonnt. D'Mudder hat oppe Wonnen un alle Been.

Déiereschützer hunn den Hond doropshi gerett a bei den Déierendokter zu Nowosibirsk bruecht. Eng Operatioun war néideg, fir dem d'Déierchen d'Liewen ze retten. Fir him nees méi Liewensqualitéit zeréckzeginn, goufen Titan-Patte fir d'Monika entwéckelt.

Seng nei Meeschtesch hat deemools eng Spendenaktioun lancéiert. Mat Erfolleg. Ganzer 4.800 Euro sinn dobäi zesummekomm. Eng Zomm, mat där de Vol op Nowosibirsk an d'OP konnte finanzéiert ginn.

Hiergestallt goufen d'Titan-Protheesen an engem 3D-Drucker. 2 Wochen nom Agrëff kann de Mupp nees lafen, huet de sibiresche Veterinär Sergej Gorschkow der Noriichtenagence AFP gezielt. Gléck an Erfarung hätte beim Agrëff eng grouss Roll gespillt.