De 14. November huet d'Äisbieren-Damm Sizzel Zwillinge kritt, wéi de Rostocker Zoo elo matgedeelt huet.

Deen éischte klenge Bier wier um 10.15 Auer op d'Welt komm, deen Zweete knapp 20 Minutte méi spéit. Fir d'Äisbieren-Elteren Sizzel an Akiak ass et den éischten Nowuess.

D'Sizzel wier eng fantastesch Mamm a géif sech gutt ëm hir Klenger këmmeren, sou den Zoo. D'Bieren-Kanner wiere gesond a monter, an anerer Wierder, déi éischt kritesch Deeg hu si iwwergestanen. Ma nach muss d'Famill déi nächst 3 Méint dobanne bleiwen. Ofhängeg vum Wierder an hirem Gesondheetszoustand, dierfen d'Jongdéieren an hir Mamm fréistens uganks Mäerz eraus.