Eng Regionalbunn ass e Sonndeg den Owend op der Streck tëscht Tréier a Saarbrécken mat e puer Wëllschwäi kollidéiert.

Wéi et vun der däitscher Bundespolizei heescht, hätte 4 Wëllschwäin hir Blessuren net iwwerlieft. Si waren op der Plaz dout. 3 schwéierblesséiert Klenger, déi op de Gleiser leie bliwwe sinn, hunn d'Beamte missen erléisen.