Mir hu beim Schëfflenger Déiereschutzveräin nogefrot, wat sech an deem Beräich hei am Land verbessere kéint.

Den 12. November hat de Schëfflenger Déiereschutzveräin (APAS) zesumme mat villen aneren Déiereschutzorganisatiounen a Privatpersounen Honnerte vun Déieren aus engem Haus op aner Plazen ënnerbruecht. An dësem Fall war et esou, datt dëse betraffene Proprietär op de soziale Reseaue konkret no Hëllef gefrot huet. "Een Herz vir Streuner" sinn dunn zesumme mam APAS op d’Plaz gefuer, fir sech déi Situatioun unzekucken. Op fräiwëlleger Basis hu si all d’Déiere matkritt an d'Aktioun huet e puer Stonne gedauert.

Dës Rettungsaktioun ënnerscheet sech och nach a puer Punkte vun aneren Fäll. Ugefaange bei der Zuel vun den Déieren, déi ze placéiere waren, an och ëm wéi eng Déieren et sech gehandelt huet. Niewent 30 Kaze war och eng Savannah an esouguer eng Serval mat dobäi, déi nach allebéid hu missen agefaange ginn. Fir eng Servalkaz brauch een hei am Land eng speziell Autorisatioun, déi awer hei net virlouch. Eng Situatioun, déi och nei war fir den APAS, erkläert de Sacha André weider.

Wéi leeft esou eng Aktioun of?

Et ass awer nëmme seelen de Fall, datt déi betraffe Persoun selwer agesäit, datt et esou net weider ka goen. Normalerweis gi si vum Entourage op esou Mëssstänn opmierksam gemaach an den Informant bleift anonym, fir esou nach zousätzlech Problemer z’evitéieren. Si sichen dann de Kontakt mat der betraffener Persoun, awer dacks maachen d’Leit engem d'Dier net op, esou de Sacha André. Do hänkt villes dovunner of, ob se iwwerhaapt kooperativ ass. Wann dat de Fall ass, kënnt et vir, datt se en Abandon fir d‘Déieren ënnerschreift. Wann et net aneschters geet, da musse si als Déiereschutzveräin op d’Hëllef vun der Police oder der Veterinärsinspektioun zréckgräifen. Déi ginn och gebraucht, fir d’Déieren aus hirer prekärer Situatioun ze befreien, falls de Parquet eng Saisie sollt decidéieren. Eng Déiereschutzorganisatioun huet nämlech net d’Recht, op eege Fauscht d’Déieren einfach esou matzehuelen. D’APAS mécht e Rapport an decidéiert eventuell och, fir eng Plainte ze maachen. Et hänkt ëmmer dovunner of, wéi schlëmm de Fall ass, wéi séier da gehandelt gëtt. Bei sou enger Aktioun gëtt ëmmer versicht, eng Eskalatioun ze verhënneren.

RTL

© APAS

Am Allgemenge besteet dann de Fall vun Animal Hoarding. Ënnert deen Déiere sinn dann dacks Kazen, déi net gechipt oder steriliséiert sinn, respektiv och Lëschtenhënn, fir déi de Proprietär net déi néideg Autorisatiounen huet a wou och net den Dressage gemaach ginn ass. An deem Kontext kënnt et och alt vir, datt de Casier vun der concernéierter Persoun net vierge ass. Dowéinst hätt déi Persoun dann dës Hënn net däerfen halen. Wa sou eng Befreiungsaktioun méi laang am Viraus ka geplangt ginn, da ka schonn organiséiert ginn, wou déi Déiere kënnen ënnerbruecht ginn. Wann d’Capacitéite beim Schëfflenger Déierenasyl net duer ginn, fir Hënn a Kazen ënnerzebréngen, musse si op aner Organisatiounen zréckgräifen. Zemools bei Kaze ginn et der do méi wéi de "Privaten Déiereschutz". Fir Notzdéieren ass et "Déieren an Nout". Wann Déieren op eemol séier mussen ënnerbruecht ginn, dann ass Spontanitéit gefuerdert. Och den Transport ass eng organisatoresch Fro. Deemno wéi mussen déi Déiere vun engem Veterinär ënnersicht ginn a brauchen eventuell och en Traitement. Och hei gëtt alles dokumentéiert, fir datt all d’Acteuren, déi un dëser Aktioun bedeelegt sinn, och geschützt sinn.

Wat misst hei zu Lëtzebuerg verbessert ginn?

Et misste méi Kontrolle gemaach ginn, fir och éischter kënnen anzegräifen. Trotz dem Déiereschutzgesetz ginn et nach ëmmer vill Kazen, déi weder gechipt nach steriliséiert sinn. Dëst géing awer onnéidegt Leed evitéieren. Et kéinten och nach weider Gemengen d’Leit bei de Sterilisatiounen oder Kastratioune finanziell ënnerstëtzen. Et kéint och hëllefen, wann all d’Déieren op der Gemeng missten ugemellt ginn. De Schëfflenger Déiereschutzveräin géing sech och wënschen, datt et bei der Police Uspriechpartner géinge ginn, déi eng Formatioun kritt hunn am Déiereschutzgesetz, esou de Sacha André.