A gudde wéi a schlechten Zäiten? Net méi bei Albatrossen. Déi eigentlech monogam Déieren trenne sech ëmmer méi dacks, wa si d'Äerderwiermung spieren.

Dat huet eng nei Etüd erginn an d'Resultater kéinten och fir aner Déierenaarte relevant sinn.

Albatrosse sinn trei Séilen. D'Déiere kéiere Joer fir Joer un eng gemeinsam Bréiplaz zréck. Ma och hire Mariage géif net éiweg halen. Zu der Trennung kéint virun allem ee Facteur féieren, nämlech schwiereg Ëmweltkonditiounen. A Jore mat waarme Mieresuewerflächen-Temperaturen, wéi se wärend dem Klimawandel z'erwaarde sinn, hätte sech d'Vullekoppelen ëmmer méi dacks getrennt wéi bei méi gënschtege Bedéngungen.

D'Fuerscher vun der Uni Lissabon hunn zanter 2003 Informatiounen iwwer "Schwarzbrauenalbatrossen" op de Falklandinsele genotzt, well hei d'Populatioun wuesse géif an d'Iwwerliewenschancë vun deene Klengen héich wier. Ma méi geréng wier de Wuesstem awer a Joren, an deenen d'Mieresuewerflächen-Temperaturen an de favoriséierte Fanggebidder vun de Vulle méi waarm si wéi normal.

D'"Scheedungsquot" wier der Etüd no a fënnef Kolonie järlech variéiert a louch tëscht engem an aacht Prozent. Am Mëttel hätte sech vu Saison op Saison nëmme 37 vun 1.000 Koppele getrennt. Fäll, an deenen de Partner net un d'Bréiplaz zréckkomm ass, well e warscheinlech verstuerwe war, wieren net mat abezu ginn.

D'Koppelen hätte sech virun allem no enger mëssgléckter Bréisaison getrennt, also wa si et net méi gepackt hunn, zesummen ee Klengen opzezéien, wéi d'Wëssenschaftler am Fachjournal "Royal Society B: Biological Sciences" matgedeelt hunn. Dat wier virun allem an de Jore mat héije Waassertemperaturen de Fall gewiescht. Weibchen hätten dann och méi séier e neie Partner fonnt wéi Männchen.

Dobäi wier e Virdeel fir laanglieweg Séivulle wéi Albatrossen, deenen hir Liewenserwaardung e puer Joerzéngte bedréit, sech enk un ee Partner ze bannen. Si géife vun der jorelaanger gemeinsamer Erfarung a Koordinatioun profitéieren. Eemol erwuessen, hätten d'Vullen héich Iwwerliewensquoten. Deementspriechend geréng wier de Risiko, datt e Vull fir näischt op säi Partner waart an d'Bréisaison verpasst. Aus evolutionärer Siicht géif et sech also lounen, op déi schwiereg Sich no ëmmer neien, potenzielle Partner ze verzichten.