E Mann hat sech e "privaten Dschungel" a sengem Doheem ugeluecht: vun exotesche Planze bis hin zu enger Partie gëftege Schlaangen.

E puer Dosen Déiere goufe vun den Düsseldorfer Pompjeeën aus enger 45 Quadratmeter grousser Wunneng befreit. Weider Déieren hunn d'Secouristen am Keller ugetraff.

Nieft héichgëftege Schlaangen hunn d'Pompjeeën och Skorpiounen an "net aartgerechten an onséchere Këschten" fonnt. An engem fräizougängleche Keller am Méifamilljenhaus hu weider Schlaange gelieft. Zwee Reptiliespezialiste goufen op d'Plaz geruff, sollt ee wärend der Rettungsaktioun vun enger Schlaang gebass oder engem Skorpioun gepickt ginn. 14 Stonnen huet den éischter aussergewéinleche Pompjeesasaz zu Hagen an Däitschland gedauert. D'Reptilie goufen an en zoologescht Institut bruecht.