Si si wichteg Klimaschützer an eng menacéiert Aart: De gewéinleche Schwäinswal gouf vun der däitscher wëll Déieren-Stëftung als Déier vum Joer 2022 gewielt

Nom Fëschotter, wëll déi däitsch Wëll-Déiere-Stëftung op d'Probleemer vum heemesche "Mieres-Mamendéier" opmierksam maachen. Op där däitscher "Rouder Lëscht" ass déi bis zu zwee Meter laang Aart aus der Nord- an Ostsee als "staark bedrot" opgelëscht.

Zu de Grënn fir de Vott als Déier 2022 erkläert d'Stëftung, datt d'Déieren ëmmer nees an den enken Netzer vun de Fëscher hänke bleiwen. Donieft wier net genuch Fudder duerch d'Iwwerfëschung do souwéi Gëfter a Kaméidi am Waasser e Probleem. Virun allem de "permanente Kaméidi ënner Waasser duerch d'Schëfffaart" géif den Déieren ze schafe maachen. Och de Kaméidi vu Chantiere fir Wandkraaftanlagen, bei deene stole Péil an de Mieresbuedem gerammt ginn, ass e grousse Probleem. De Kaméidi wier kilometerwäit ze héieren an e grousse Risiko fir dat empfindlecht Gehéier vun den Déieren.

Wéi all d'"Zantwalen" géife sech Schwäinswaler fir d'Orientéierung an d'Partnersich souwéi d'Fëschjuegd mat Ultraschallwellen en akustescht Bild vun hirer Ëmgéigend maachen. Bei groussem Kaméidi kéinten d'Déiere d'Orientéierung verléieren oder souguer stierwen. De Chef vun der Wëll-Déiere-Stëftung fuerdert, bei Baustellen Schallschutzanlagen z'erriichten. Och déi kleng gesponne Fëschernetzer misste fir Waler erkennbar gemaach ginn.

Der "Whale and Dolphin Conservation" aus München no wiere Waler wichteg Klimaschützer. Si géifen "Nierstoffer am Mier duerchmëschen a fuerderen duerch hir Exkrementer de Wuesstem vu Phytoplankton, dat iwwer d'Hallschent vum weltwäite Sauerstoff produzéiert". Hire Kierper déngt als risegen CO2-Späicher a sinn no hirem Doud eng wäertvoll Ernierungsquell fir d'Liewen am Mier. D'Wëll-Déiere-Stëftung ass eegenen Informatiounen no déi weltwäit féierend gemengnëtzeg Organisatioun, déi sech nëmmen dem Schutz vu Waler an Delfine widmet.