Wéinst dem Handel mat den Haren stinn d'Déieren op der Lëscht vun de bedroten Aarten. An engem Nationalpark solle se lo virum Ausstierwe gerett ginn.

Eng 30 Nashörner, déi bis zu zwou Tonnen weie kënnen, goufen mat enger Boeing 747 vum Phinda-Reservat a Südafrika an de méi wéi 3.400 Kilometer wäiten Akagera-Nationalpark geflunn. Dëst fir ze verhënneren, datt d'Déieren duerch d'Juegd ausstierwen.

Fir den Transport wieren d'Nashörner "roueggestallt" an no der Arrivée an zwee grouss Parke mat Gras bruecht ginn, déi jeeweils esou grouss si wéi e Fussballstadion. Méi spéit sollen se d'Méiglechkeet kréien, sech an engem méi grousse Radius ze beweegen. All Déier hätt zu sengem Schutz dann och e Lokaliséierungssender kritt a gëtt vu Spezialunitéite mat Hënn an Helikopter iwwerwaacht.

Zanter der Kolonialzäit gëtt d'Populatioun vun de Breetmaulnashörner ëmmer méi vu Jeeër reduzéiert. All Joer ginn Honnerten Déiere wéinst hiren Haren ëmbruecht. Dat obwuel den internationalen Handel mat den Hare verbueden ass. Ma an Asien, virun allem am Vietnam an a China, sinn dës an der traditioneller Medezin extrem beléift a brénge grouss Zommen. An Afrika sollen et Schätzungen no ronn 20.000 Breetmaul- a 5.000 Spatzmaulnashörner ginn.

D'Breetmaulnashörner am Ruanda wieren an den Zäite vum Vëlkermord 1994, bei deem bannent e puer Wochen méi wéi 800.000 Mënschen ëm d'Liewe koumen, komplett ausgerott. Elo géifen et awer rëm eng 30 Breetmaul- souwéi eng 26 Spatzmaulnashörner ginn.