"Moby Dick" an der Karibik: Virun der Küst vun Jamaika huet en Hollänner ee wäisse "Pottwal" am Waasser gefilmt.

Vun engem Handelsschëff aus hätt de Mann e Méindeg eng rar Entdeckung gemaach. Wéi hien de wäisse "Pottwal" am Mier schwamme gesinn huet, hätt hien direkt den Handy erausgeholl, fir den aussergewéinleche Moment ze filmen.

Dem brittesche Guardian no kéim d'Optauche vum mächtegen Déier, fir Fans vum Roman "Moby Dick" aus dem Joer 1851, enger Visioun gläich, déi wouer ginn ass.

"Pottwaler" sinn an der Reegel gro, schwaarz oder brong. Verschiddener géifen zwar wäiss Flecken opweisen, ma komplett wäiss Exemplare wiere besonnesch seelen. Nëmmen eng Handvoll goufen dem Guardian no dëst Joerhonnert gesinn. Fir d'lescht wier 2015 e wäisse Wal virun der Insel Sardinien fotograféiert ginn. Virun der Küst vun Australien géif dann zanter 1991 ëmmer nees en Albino-Buckelwal mam Numm Migaloo opdauchen.

Allerdéngs ass net all wäisse Wal direkt en Albino. Verschidden Déiere weisen déi sougenannte "Leukismus" Genmutatioun op, déi d'Feele vu Faarfpigmenter bewierkt. Den aktuell gefilmte Wal wier awer ze wäit ewech gewiescht, fir z'erkennen, wéi enger Form en entspréngt.

Och ofgesi vun der Faarf si "Pottwaler" aussergewéinlech Mieresbewunner: Si kënnen 20 Meter laang ginn a bis zu 50 Tonne weien. Mat engem Gewiicht vu bis zu nénganenhallef Kilo ass hiert Gehier dat schwéierst am Déiereberäich. Och d'Zänn sinn notabel - et goufe schonn 30 Zentimeter laang Exemplare fonnt. Donieft kënne "Pottwaler" méi wéi 1.000 Meter déif tauchen.