Reptilien, Schlaangen, seele Villercher, ee Stéck Exotik an der eegener Stuff. Virun e puer Wochen huet si Schlagzeile gemaach.

Eng Serval-Kaz an engem Haus zu Lëtzebuerg. Ee wëllt Déier, wat een hei net halen dierf. Ma vill Leit faszinéieren déi sougenannten exotesch Déieren, alles wat iwwer Kaz, Hond oder Hamster erausgeet. Zu Lëtzebuerg ass et duerch d'Naturschutzgesetz verbueden, wëll Déieren als Privatpersoun doheem ze halen. Et ginn Ausname bei Zooen, Veterinären zum Beispill, wa si emol ee wëllt Déier behandele mussen, ma och d'Wëll-Déierestatioun zu Diddeleng. Duerch d'Juegdgesetz ass et och an e puer Fäll erlaabt, Déieren ze halen, déi ënner Gibiere verzeechent sinn.

Zu Diddeleng ass och d'Serval-Kaz hibruecht ginn. Hei ass si versuergt ginn a kënnt elo emol zu Rou a waart op déi richteg Pabeieren. Nach ass net alles gekläert, si soll awer spéider op eng Plaz kommen, wou si esou aartgerecht wéi méiglech liewe kann, beispillsweis an engem Zoo. Diddeleng ass eng Opfangstatioun fir wëll Déieren, dat ass och hiert primäert Zil, fir blesséiert Déieren opzepäppelen an déi dann och nees fräi ze loossen. Bei Exote geet dat awer net. Där kréie si awer ëmmer nees, och Schlaangen, Deckelsmouken oder Papageie ginn hei hibruecht. Et gëtt soss keng offiziell Struktur, déi dës Déieren ophëlt.

Exoten wéi Reptilien oder och Villercher falen net ënnert dat Déiereschutzgesetz. Si stinn nämlech op der Positivlëscht, déi et zanter dem Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt. All Déier, wat do drop steet, dierf een ouni Autorisatioun halen. Do brauch ee keng extra Pabeieren.

Wéi eng dat sinn, kann een hei noliesen.

Et ginn do och puer Ausnamen, zum Beispill gëfteg Aarten oder Reptilien, déi ausgewuess méi wéi 1 Meter laang sinn, sinn net mat abegraff op dëser Lëscht. Fir déi bräicht een eng extra Autorisatioun, dat kann ee beim Landwirtschaftsministère ufroen, do muss een dann een Dossier ofginn, d'Veterinärsinspektioun kënnt kucken a gëtt dann hiren Avis of. Um Enn entscheet de Landwirtschaftsministère, ob eng Autorisatioun ausgestallt gëtt oder net. D'Joer ginn ongeféier eng hallef Dosen där Demandë gemaach an déi sinn aktuell 100 Prozent akzeptéiert ginn.

Anescht ass et awer, wann een Déieren huet, déi ënnert d'Washingtoner Aarteschutzofkommes falen, déi brauchen déi sougenannte CETIS-Pabeieren, jee nodeem wéi si klasséiert sinn. Am Ganze ginn et ronn 40.000 Planzen– an Déierenaarten, déi concernéiert sinn. Dat soll hëllefen, géint illegalen Déierenhandel vu raren Zorte virzegoen. Déi Déieren dierfen dann nämlech net méi aus der fräier Natur gefaange ginn, Nozuuchten dierfen awer weiderhi gehale ginn. Mat de CITES-Pabeiere beweist een, dass et eng Nozuucht ass.

Verschidde vun deenen Déierenzorte kënnen awer ganz al ginn an do ginn et der och, déi schonn a Mënschenhand gelieft hunn, ier déi Gesetzer a Kraaft getruede sinn. Do kann ee sech déi richteg Pabeieren och nach duerno besuergen, et brauch ee just eng Trace, dass si engem schonn do gehéiert hunn. D'Veterinärsinspektioun kann och an esou Fäll hëllefen.

Am Allgemengen ass d'Haltung vu wëllen Déieren zu Lëtzebuerg verbueden, wat awer elo dorënner fält, a wat net, ass méi komplizéiert. Eng Orientatioun gëtt déi Positivlëscht, ma grad bei den Exote ginn et eng gutt Partie vu beléiften Hausdéieren, déi an der fräier Natur méi seele sinn an dofir nach eng Kéier extra geschützt sinn. Do muss een dann déi néideg Pabeieren hunn, déi sougenannten CITES-Pabeieren.

Egal wéi een Hausdéier een dann um Enn an der Stuff, am Gaart oder nieft sech op der Fotell sëtzen huet, eng aartgerecht Haltung ass fir si all wichteg. Ob Exot oder net.