Am Zoo vun Antwerpen, am Norde vun der Belsch, hunn 2 Nilpäerd an de leschten Deeg immens geschnuddelt. En Test huet Gewëssheet bruecht: et ass Corona.

Dat hunn d'Responsabel vum Zoo e Freideg matgedeelt. Et ass déi éischte Kéier weltwäit, dass sech dës Spezies Déier mam Coronavirus ugestach huet.

Dës Déieren hunn duerch hire Liewensraum u sech ëmmer naass Nuesen, ma dës Kéier, mat esou vill Schnuddelen, do wier ee léiwer op Nummer sécher gaangen. De Veterinär vum Zoo, de Francis Vercammen, huet d'Nuesesekret virsiichtshallwer teste gelooss.

"Ech hunn d'Decisioun geholl, d'Echantillonen op Covid-19 ënnersichen ze loossen, mat engem iwwerraschende Resultat. Souwäit ech weess, ass et déi éischt confirméiert Kontaminatioun bei esou enger Spezies. Weltwäit ware vum Virus bis ewell just Afen a Kaze betraff", sou de Veterinär weider.

Déi concernéiert Nilpäerd-Weibercher, d'Hermien (41 Joer) an hir Duechter Imani (14 Joer) hunn ausser dem Schnapp keng weider Symptomer. Si géingen och net leiden.

Bis op Weideres soll d'Gebai vun de Nilpäerd fir d'Visiteuren zoubleiwen. All d'Fleeger goufe getest a sinn negativ. Ma fir si gëllen elo extra sanitär Moossname wéi Schutzgezai an deeglech Schnelltester.

Wéi d'Déiere sech ugestach hunn, ass net gewosst. Kee vun de Fleeger wier viru Kuerzem krank gewiescht oder hätt Symptomer gewisen, heescht et vum Zoo.

An der Belsch ginn d'Zuelen aktuell nees massiv an d'Luucht, dowéinst goufen och e Freideg nees nei Mesuren annoncéiert. Zum Beispill ginn d'Schoulen am Fondamental eng Woch éischter an d'Chrëschtvakanz. Op 11 Milliounen Awunner huet d'Belsch ronn 17.800 Infektiounen a 44 Doudesfäll den Dag d'lescht Woch gezielt.