1962 huet de Mann vun der Queen sech dofir agesat, eng australesch Insel zu engem Naturschutzgebitt ze maachen. Haut erweist sech wéi wäertvoll dat war.

Wéi de Prënz Philip 1962 op Visitt an Australien war, huet ee geplangt op der Insel "Two Prince's Bay" Haiser ze bauen an dofir d'Bëscher ofzeholzen. Fir déi eenzegaarteg Natur an eng rar Vullenaart ze schützen, huet de Mann vun der Queen intervenéiert, fir d'Bebauung vun der idyllescher Insel ze verhënneren.

Deemools huet hie vill Australier a Politiker mat sengem Engagement virun de Kapp gestouss. Trotzdeem huet een - zwar widderwëlleg - d'Insel als Naturschutzgebitt erkläert. An d'Natur freet sech haut: De seelene "Lärmdickichtvull" huet sech fläisseg reproduzéiert.

1994 ass dunn eppes ganz Onerwaartes geschitt: Déi butzeg Känguru-Aart "Gilbert's Potoroo", vun där een eigentlech schonn 1870 geduecht huet, datt se ausgestuerwe wier, gouf nees op der Insel entdeckt. Doduerch, dass d'Insel onberéiert blouf a keng Kazen, Hënn oder aner invasiv Aarten duerch de Mënsch vum Festland dohi bruecht goufen, konnt sech d'Känguru-Aart lues, awer sécher erhuelen.

Natierlech wousst de Prënz Philip an de 60er net, datt hie mat sengem Asaz och dësem Déier hëllef géing - huet sech awer warscheinlech gefreet, wéi hien 30 Joer méi spéit vun der onerwaarter Entdeckung héieren hat.

Trotzdeem sinn d'Potoroos ëmmer nach staark bedrot - Eilen, Schlaangen, Bëschbränn an e mysteriéise Pilz maachen der Populatioun ze schafen. Mat méi strenge Schutzmesurë gëtt et antëscht awer ëmmerhi rëm méi wéi 100 Exemplairen. De klenge Känguru huet duerch den Asaz vum brittesche Prënz haut eng richteg Chance, z'iwwerliewen.