E Véierbeener huet am US-Bundesstaat Vermont Hëllef geruff, nodeems d'Gefier mat sengem Besëtzer dran accidentéiert ass.

Zwou Persoune si bei engem Accident e Méindeg den Owend aus dem Auto geschleidert ginn, nodeems de Won géint d'Leitplanke geroden ass. Béid Leit goufen dobäi blesséiert an hunn och éischt Unzeeche vun Ënnerkillung gewisen. Hir 1 Joer al Mudder ass doropshin op der Autobunn a Richtung New Hampshire gelaf, fir no Hëllef ze sichen. Opmierksam Automobilisten hunn direkt d'Police alarméiert, déi versicht huet, d'Tinsley anzefänken. Ma ouni Erfolleg. Den Hond wollt sech net afänke loossen an ass de Beamten ëmmer nees entwëscht, wéi wann en hinnen hätt wéilte soen: "Rennt mir no, rennt mir no". Et wier offensichtlech gewiescht, datt de Véierbeener hinnen eppes matdeele wollt, huet de Polizist Daniel Baldassarre dem Fernseesender WCVB erzielt.

Schlussendlech huet de Shiloh-Shepherd d'Polizisten op d'Onglécksplaz bruecht. Zu hirer Iwwerraschung si si op eng beschiedegt Leitplank gestouss an hunn do derhannert en accidentéierten Auto entdeckt. "Hatt ass mäi klenge Schutzengel", sou de Cam Laundry, dem Tinsley säi Meeschter. Als Belounung krut den Held op 4 Patte Wëldfleesch.

Eng aner couragéis Geschicht hunn en Dënschdeg kroatesch Medien erzielt. Hei huet en Hond eng Persoun 13 Stonne laang waarm gehalen, nodeems de Grga Brkic an de Bierger an eng Schlucht gestierzt ass. Bis d'Secouristen op der Plaz waren, huet den Hond de Wanderer net aus den Ae gelooss an him Wäermt gespent. "D'Frëndschaft an d'Léift tëscht Mënschen an Hënn kennt keng Grenzen", sou déi kroatesch Medien iwwert dës aussergewéinlech Rettungsaktioun.