E couragéierte Grëff un d'Flilleken, e schwongvolle Worf iwwer d'Bréckebalustrad: Zu Berlin huet eng eeler Damm engem Schwan aus der Nout gehollef.

Schwane gëllen als launesch Déieren. Fille si sech gedierängelt oder gesinn hiren Nowuess a Gefor, kënnen d'Vullen a rare Fäll aggressiv op Mënsche reagéieren.

Eng Pensionairin zu Berlin huet dat awer net dovun ofgehalen, méi enke Kontakt mat engem Schwan ze hunn, fir dem Déier aus der Nout ze hëllefen. Wéi e Video op Twitter weist, huet d'Fra de Schwan vun der Bréck zréck an d'Waasser geworf.

De Schwan wier virop op der Admiralbréck am Quartier Kreuzberg hin an hier gerannt an hätt de Wee net méi zréck an de Kanal fonnt. Ufanks huet d'Déier sech géint de Grëff vun der Fra gewiert, hat sech awer kuerz virum Worf iwwert d'Gelänner berouegt. Schlussendlech ass ze gesinn, wéi de Schwan zréck am Waasser - wuel ouni Schied - dovuschwëmmt.