8 Joer, nodeems de Mupp Cassie aus dem Virgäertche vun der Famill geklaut gouf, huet d'Police de Cocker-Spaniel zréckbruecht.

Op hirem Twitter-Account huet d'Sussex Police en Donneschdeg e Video vun der Reunioun vun de Besëtzer an dem Hond publizéiert. E Spriecher vun der Famill huet matgedeelt, datt d'Cassie sech antëscht rëm gutt agelieft huet. Och déi Kleng, déi zesumme mam Mupp bei enger Kontroll fonnt goufen, wieren a gudde Stéit ukomm.

D'Ermëttler hätten dacks mat Déifställ vun Hënn ze dinn. Wärend der Pandemie hätte sech vill Leit decidéiert, e Mupp z'adoptéieren. Onglécklecherweis huet dat awer och zu enger Hausse vu Kriminelle gefouert, déi d'Déiere fir de Verkaf oder d'Ziichtung klauen.

Dofir de Rappell, den Hausdéieren e Mikrochip ze ginn an ëmmer eng aktuell Foto ze hunn. Eng Keeferin huet geroden, sech genee z'informéieren, a wéi engen Ëmstänn de Mupp geziicht gouf, un deem een interesséiert ass. Et sollt een drop bestoen, dohi kënnen ze goen an d'Mamm ze gesinn.