Baby-Boom op der däitscher Insel Helgoland an der Nordsee: Ganzer 669 Kegelrobbe goufen an dëser Saison scho gebuer.

Op Helgoland hunn d'Kegelrobben een neie Gebuerten-Rekord opgestallt. D'Haaptsaison, an där kleng Kegelrobben op d'Welt kommen, ass elo eriwwer, den Ament kommen nach ee bis zwee Déieren d'Woch op d'Welt. An awer bis bis elo scho 669 Bëbeeën gezielt ginn. Domat ass den Héchststand vum leschte Joer (653) iwwertraff ginn.

Kegelrobbe sinn déi gréisste Raubdéieren, déi an Däitschland an der fräier Natur virkommen. Grad an den éischte Woche vun hirem Liewe sinn si awer fir allerhand Geforen ufälleg. Si komme mat engem wäisse Wollpelz op d'Welt, dee si virun der Keelt an dem maritimme Klima schütze soll. Well deen awer net waasserdicht ass, brauchen déi kleng Keegelrobben an deenen éischte Wochen ee geschützt Stéck Strand, bis si grouss genuch fir hir éischt Schwammstonn sinn. Fir datt déi kleng Kegelrobben sech a Rou entwéckele kënnen, sinn d'Stränn op Helgoland vun November u gespaart.

Erwuesse Kegelrobbe kënne bis zu 300 Kilo schwéier ginn a bréngen domat och ee gudden Appetit op Fësch mat sech. Well Fëscher si als Konkurrenz gesinn hunn, waren d'Déieren an der Vergaangenheet bal ausgerott ginn.