Relativ einfach war et fir de Fuuss, an de Stall anzedréngen an do 2 Gänsen dout ze maachen. Méi schwiereg huet sech allerdéngs de Wee eraus gestallt.

Nodeems e Fuuss zu Weil an Däitschland an e Stall agebrach ass, huet d'Besëtzerin d'Police alarméiert. Den Déif koum net méi eleng aus dem Stall eraus. D'Déier war esou nervös, datt et der Police ufanks net gelongen ass, et ze bändegen. Eréischt méi spéit a mat Hëllef vun der Hondsstaffel konnte si de Fuuss afänken an aus dem Stall bréngen. Dësen huet sech du mat vollem Mo séier aus dem Stëbs gemaach.