Russesch Déierefleeger hunn e klengen Tiger virum Erfréiere gerett. Dat ongeféier 5 Méint aalt weiblecht Déier gouf vun engem Fëscher beim Flossufer fonnt.

De Moment sinn am Oste vu Russland vill Tiger an aner wëll Déiere vun extreemem Déifschnéi bedrot. Dat Klengt wier staark ofgemoert gewiescht an hätt schwéier Erfréierungen a Blessure gehat.

Wéi et fonnt gouf, huet et knapp 20 Kilo gewien an huet misse vun de Fleeger versuergt an opgepäppelt ginn. Duerch d'Erfréierunge war d'Schwanzspëtzt vum Tiger ofgestuerwen an huet missen amputéiert ginn. Bei enger iwwer zwou Stonne laanger Operatioun hunn d'Veterinären och probéiert de Kifer vum Déier ze rekonstruéieren.

Amur-Tiger, déi och als sibiresch Tiger bekannt sinn, sinn a Russland a China verbreet. D'Déierenaart gëllt als bedrot. Och well extreem Schnéifäll am Oste vu Russland dacks fir Probleemer bei de wëll Déiere suergt. Et gëtt och gewarnt, datt hongereg Tiger probéiere kéinten an Dierfer no Iessen ze sichen.