No den Iwwerschwemmungen am Juli 2021 huet séier eng Noutléisung missen hier, well vill Leit mat Handicap, Dyslexie oder Trauma op d'Päerd ugewise waren.

Datt Déieren duerchaus sensibel op hir Ëmgéigend kënne reagéieren, huet wuel scho jiddereen, deen Hausdéieren huet, selwer festgestallt. Sensibel sinn, kann awer och e grousse Virdeel sinn. Bei der Reittherapie zum Beispill. Do gi Päerd bewosst agesat, fir Mënschen ze hëllefen. Mat déi éischt, déi dat hei am Land ugebueden hunn, ass d'ATE vu Monnerech. Déi ASBL gëtt et schonn zanter 40 Joer. 40 Joer, an deenen hei och virun allem Kanner d'Chance haten, sech weider z'entwéckelen.

Zanter gutt zwou Wochen ass d'Associatioun an engem neien Stall, dat war awer ufanks guer net esou geplangt. Leschte Summer ass et zu Iwwerschwemmungen am ale Stall komm an dofir huet séier eng Noutléisung missen hier. An dës Léisung huet sech um Enn als Glécksfall bewisen. Mir hunn nogefrot, firwat se hu misse wiesselen, wat d'Reittherapie bewierke kann a wéi eng verschidden Therapien et gëtt.

D'ATE bitt Therapië mat Päerd an heelpedagogesch Interventioune fir Kanner, Jonker an Erwuessener un. Ënnert anerem gëtt mat Leit mat Dyslexien, ADHS, Trauma oder anere schwierege Liewenssituatioune schafft, grad wéi mat Mënsche mat enger physescher Behënnerung.