De faarwege Spektakel um Himmel versetzt vill Déieren an Angscht a Panik. Allgemeng hat ee jo d’Gefill, et wär dëst Joer méi roueg fir de Joreswiessel.

Eng ganz Partie Gemengen haten d'Freedefeier net erlaabt, ma nawell goufen op ville Plazen uechtert Land Rakéiten a Knupperte lassgelooss, an dat ass souwuel fir d'Wëll- wéi och fir d'Notz- an Hausdéieren, déi mer doheem oder am Stall stoen hunn, alles anescht wéi flott. Ganz am Géigendeel, vill reagéiere mat Doudesangscht op deen extreme Kaméidi an déi onzieleg Blëtzer an Explosioune matten an der Nuecht.

A ville Stied gëtt dat ëmmer méi e grousse Problem fir d'Villercher, wéi zum Beispill zu Roum, wou honnerte Spréiwe sech an hirer Angscht onglécklech gemaach hunn. D'Stroosse louchen dono voll doudeger Villercher.

Autosaccidenter mat Wëld kommen och gär vir, ma et sinn och vill Muppen, déi als Reaktioun just nach wëlle fortlafen, ouni ze kucke wouhin. Wat op der Strooss da liewensgeféierlech fir Mënsch an Déier ka sinn.

Bei de Sichhënn hat een dëst Joer en traurege Rekord. 18 Vermësstemeldunge koume ronderëm Silvester beim Veräin eran. Wéi ee sech richteg verhält am Eeschtfall a wéi ee preventiv säin Déier kann drop preparéieren, dozou méi Informatiounen am Reportage an op www.sichhenn.lu

Ëmfro Freedefeier
Mir wollte wëssen: Sidd Dir fir oder géint Freedefeier op Silvester?