Mir hu beim Gaasperecher Déierenasyl nogefrot, wat een ënner Mësshandlung vun engem Déier versteet a wat hei am Land misst verbessert ginn.

Ënnert dem Begrëff Mësshandlung vun engem Déier fält villes. Dat geet vu schloen, iwwer schlecht Haltung, d’Déier aussetzen, dem Déier net bis guer näischt ze friessen ze ginn an och "Animal Hoarding". Woubäi "Animal Hoarding" vun enger Persoun éischter onbewosst gemaach gëtt. Am Gaasperecher Déierenasyl kréie si vill Plainten eran. Och wann d’Situatioun vum respektiven Déier engem net gefält, fält dat awer net ëmmer ënner Mësshandlung. Vum Gesetz hier sinn d’Fäll heiansdo net schlëmm genuch, datt misst agegraff ginn.

Wat geschitt no enger Plainte?

Wa si zu Gaasperech bei der Déiereschutzliga eng Plainte era kréien, da gi si dacks zesumme mat der Police op d’Plaz kucken, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen, esou d’Pascale Sax, Responsabel vum Asyl. Esou kënne si dann tëscht Noperschaftssträit, wou een deem aneren eventuell eppes ënnerstellt, a reeller, schlëmmer Mësshandlung ënnerscheeden. Wann dëst effektiv zoutrëfft, da kontaktéiert d’Police de Parquet. Dee muss da säin Accord ginn, ob d’Déier ka saiséiert ginn. Am Fall vun enger Saisie gëtt d’Déier da matgeholl a kënnt entweder op Gaasperech an d’Déierenasyl, wann et sech ëm eng Kaz oder en Hond handelt, oder, wann et lo gréisser Déiere si wéi Päerd, Ieselen oder Geessen, déi kommen da bei Hope4Paws. Bei der ganzer Prozedur gëtt am Ufank och eng Kéier kuerz verhandelt, ob dës Saisie gerechtfäerdegt ass. Meeschtens gi se confirméiert an nëmme rar opgehuewen. Et dauert meeschtendeels bis zu engem Joer, bis et zum Prozess kënnt. Wann eng vun den 2 Säiten an Appell geet, da kann et bis zu annerhallwem Joer daueren, bis decidéiert gëtt, wat mam Déier geschitt. Et kënnt awer méi dacks vir, datt en Déier duerno am Asyl bleift an net méi zréck bei de Proprietär muss. Si haten awer och scho Fäll, wou si esou Urteeler net verstanen hunn, well d’Déier zum Beispill am Dreck an am Knascht stoung, erkläert d’Pascale Sax weider.

Wat kéint verbessert ginn?

Am Gaasperecher Déierenasyl géinge si sech wënschen, datt déi ganz Prozedur vun der Plainte bis bei de Prozess méi séier kéint iwwer d’Bün goen. Et geet hei ëm Liewewiesen. Wann ee bedenkt, datt en Hond 10-12 Joer lieft an datt en da bis zu annerhallwem Joer muss am Asyl verbréngen, bis eng Decisioun gefall ass, dann ass dat schonn e groussen Deel vu sengem Liewen. Heiansdo wënscht d’Pascale Sax sech, datt e Fürerschäi fir all Déier géing agefouert ginn, wat ee sech wëll zouleeën. Esou een Hondsfürerschäi gëtt et jo scho fir d’Lëschtenhënn; do ass en obligatoresch. Et wär gutt, wann d’Leit am Virfeld géingen informéiert ginn, wéi eng Rass bei si passt. Da géing zum Beispill en zréckhalenden Hond net an eng Famill komme mat klenge Kanner. Esou kéint dann och éischter verhënnert ginn, datt den Hond sech onwuel fillt a bäisst. Wann ee sech vu vir era bewosst wär, wat op een zoukënnt, wann ee sech en Déier zouleet, da géingen och manner Déieren ausgesat ginn, well se zum Beispill net méi esou funktionéieren, wéi de Mënsch sech dat virgestallt hat. Et soll ee sech bewosst sinn, datt en Abandon och eng Mësshandlung ass.