Meeschtens bréngt en Elefanten-Weibche just ee Klengen op d'Welt. D'Bora duerft sech direkt iwwert zweefachen Nowuess freeën.

Ee Weibchen an ee Männchen hunn am Norde vu Kenia viru Kuerzem d'Liicht vun der Welt erbléckst. De Weekend goufen déi Kleng eng éischte Kéier vun Touristen am Samburu-Reservat entdeckt. Op Videoe si béid mat hirer Mamm ze gesinn, nieft engem anere méi jonken Elefant, dat éischt Kallef vum Bora, dat 2017 gebuer gouf.

Am Schnëtt bréngt en erwuessenen Elefant all 4 Joer neien Nowuess op d'Welt. 22 Méint gëtt d'Kallef am Bauch vun der Mamm gedroen, wat déi längst Schwangerschaft ass ënnert de Mamendéieren.

RTL

© AFP

Ënnert den Elefante sinn Zwillingen éischter seelen unzetreffen. Wéi et vum Grënner vun "Save the Elephants" heescht, géingen Zwillingsgebuerten och just 1 Prozent vun all de Gebuerten ausmaachen. A wann emol duebelen Nowuess usteet, geet et dacks net gutt aus fir ee vun de Klengen oder esou fir déi zwee. Déi lescht Zwillingen, déi 2006 am Reservat Samburu d'Liicht vun der Welt erbléckst hunn, hu just e puer Deeg iwwerlieft. Heefeg huet d'Mamm net genuch Mëllech, fir béid Kaalwer ze fidderen. Déi nächst Deeg wäerten dowéinst ausschlaggebend sinn, ob béid iwwerliewen oder net.

Schätzungen no liewe 36.280 Elefanten a Kenia, wat eng Hausse vun 12 Prozent par rapport zu 2014 ass, wéi nach méi Déiere fir d'Elfebeen doutgemaach goufen. Allerdéngs sinn d'Zuelen net iwwerall sou gutt. D'Populatioun vun afrikaneschen Savann-Elefanten ass am leschten hallwe Joerzéngt ëm op d'mannst 60 Prozent zeréckgaangen. Dowéinst goufe si och op déi rout Lëscht vun der IUCN gesat. Do ginn alleguerten d'Déieren opgelëscht, déi als vum Ausstierwe bedrot gëllen.