Mir hu beim Hondstrainer vu Sixx, dem André Vogt, nogefrot, wat déi Phas fir d’Hënn bedeit a wéi ee se am beschten iwwersteet.

Den André Vogt kennt een aus den Emissioune vu Sixx “Welpentrainer” an och “Trouble Teenies auf 4 Pfoten”. Och wa Welpe senger Meenung no liicht ze trainéiere sinn, ass dat awer anescht mat Hënn an der Pubertéit. Ëmsou méi wichteg ass et, scho fréi mat der Erzéiung unzefänken. Normalerweis kann een dovunner ausgoen, datt d’Pubertéit tëscht dem 6. an dem 12. Mount ufänkt. Bei klengen Hënn ass dat schonn éischter de Fall, esou den André Vogt. Se dauert bis de Mupp ongeféier 24 Méint al ass.

Wourunner erkennt een d'Pubertéit?

Beim Ritt mierkt een, datt en an der Pubertéit ass, wann en dobaussen nach méi ronderëm schnuppere geet a sech ëmmer méi un de Mudderen interesséiert. Wann hie bis ufänkt, d’Been ze hiewen, da kann een dovunner ausgoen, datt d’Pubertéit schonn ugefaangen huet. Dëst ass dann och de Fall, wann d’Mudder déi éischte Kéier leefeg gëtt. De leschten Deel vun der Pubertéit gëtt “Adoleszenz” genannt. Do ass déi kierperlech Entwécklung ofgeschloss an de Mupp gëtt lues a lues erwuessen. Am Ufank vun der Pubertéit hëlt déi geeschteg Energie séier of. Deen Ament huet de Meeschter dann den Androck, wéi wa säi Véierbeener him guer net méi follegt. Dëst léisst sech awer doduerch erklären, datt en dat, wat e bis dohinner geléiert huet, net méi ofruffe kann. Et huet also näischt domat ze dinn, dat en tockskäppeg ass oder einfach net follege wëll. D’Konsequenz ass awer, datt de Mënsch da frustréiert ass, well en net richteg weess, wat lass ass. Éier den Hond erwuessen ass, gerode besonnesch d’Ritte mat aneren Hënn uneneen. Et ass eng Zäit, an där d’Hënn éischter e Risiko aginn an hiert Juegdverhalen nach méi ausgepräägt ass.

Wat kann de Meeschter maachen?

Et soll ee virun allem verstoen, wéi eng Entwécklung beim Hond viru sech geet. Hormonell Changementer féieren zu sengem Verhalen. Et ass kee Feeler vum Mupp, esou den André Vogt weider. Engem seng ënnerlech Astellung ass kruzial an d’Schlësselwierder, déi duerch dës Zäit hëllefen, si Verständnis, entspaant bleiwen an d’Wëssen, wat bei sengem Véierbeener viru sech geet. An dëser Phas solle vill Beschäftegungen um Programm stoen, déi d’Bezéiung tëscht Mënsch an Déier fërdert a verdéift. Dëst kënne Spiller sinn, fir z’apportéiere oder ze schnupperen. Besonnesch an der Pubertéit soll een den Hond net fräi lafe loossen. Da solle “Schleefléngten” oder aner Léngten an de Gebrauch kommen. Sozial Kontakter ënner Hënn sollen och an dëser Phas bestoe bleiwen, awer just mat kënnege Véierbeener. Grad duerch déi aner kann e vill léieren.

Den André Vogt weess vun engem Labrador, dee mat 6 Méint ganz gutt gefollegt huet. Säi Verhalen hat sech awer bemol vun der enger op déi aner Woch sou vill changéiert, datt den Hondstrainer sech gefrot huet, ob et sech effektiv ëm een an de selwechte Mupp handelt. Och dëse Labrador huet no der Pubertéit rëm sou gefollegt wéi virdrun. Sou eng extrem Entwécklung ass awer net ëmmer de Fall. Et soll ee sech soen, datt déi Zäit och eng Kéier eriwwer ass.