Ob traureg Schicksalsschléi, spannend Aventuren oder witzeg Erliefnisser: An dëser Serie stellen eis Hondsbesëtzer hir ganz aussergewéinlech Muppe vir.

D'Faustine ass ee ganz besonnesche Mupp - net just vun deem, wéi et ass, mee och vun deem, wat et kann. Zanter ronn 9 Joer ass den ausgebilten Assistenzhond déi trei Begleederin um Tessy Wies senger Säit, där hiert Liewen ouni hiren 11 Joer ale Labrador weesentlech méi schwéier wier.

Kuerz no hirer Gebuert am Joer 1968 krut d'Tessy Wies nach an der Klinik Staphylokokke-Bakterien an d'Been - eng Infektioun, déi d'Schanken an hire Been zerfriess huet. No enge sëllegen Operatiounen a jorelaanger Péng dierf si haut ouni Fixateur emol net méi op hiert d'Been optrëppelen. "Bis 20 Joer war ech praktesch just an der Klinik", erënnert sech d'Tessy Wies, déi haut trotz hirem Handicap nach zwee Deeg d'Woch schaffe geet. Och do ass d'Faustine derbäi.

RTL

D'Faustine begleet seng Meeschtesch quasi iwwerall hin. / © Tessy Wies

"Wou ech bis wosst datt ech definitiv net méi géif gutt ginn, hat ech zwou Optiounen: Entweder du fäls an e risegrousst Lach oder du ënnerhëls eppes." D'Tessy Wies ass op d'Organisatioun Rahna gestouss, déi zu Lëtzebuerg Assistenzhënn sponsert a vermëttelt. Ufanks duecht si nach, esou Hënn wiere just fir Leit déi fest am Rollstull setzen, dobäi war et awer grad vu Virdeel, datt si Ufanks nach méi mobil war.

Am Alldag ass d'Faustine, dat an der franséischer Hondsschoul Handi'Chiens ausgebilt gouf, eng grouss Stäip. Hatt hëlleft Better ofzéien, Kleeder ausdoen, ka senger Meeschtesch Saache bréngen a kann an der Kees souguer d'Kreditkaart oprafen, wann se eroffält. Den Handy kann d'Faustine duerch eng Plooschter mat engem spezielle Geroch iwwerall erëmfannen, egal wou e läit. Dem Tessy Wies säin anere Mupp, d'Dackelmadamm Zola, huet sech vum Faustine schonn e puer Tricken ofgekuckt an hëlleft owes zum Beispill derbäi, d'Strëmp auszedoen.

Mat sengem Gilet a senger Medail, déi d'Faustine als Assistenzhond auszeechnen, gëtt dem Tessy Wies hiren Handicap no baussen hin och méi siichtbar. "Dann halen d'Leit och méi Ofstand. Wann ech akafe ginn, da rennt kee mam Caddie a mech an an den Trapen drécken d'Leit net, fir laanscht mech ze kommen." Wéinst dem Faustine sengem Status als Assistenzhond dierf hat u sech och an all Geschäft mat eran - och wann de gesetzleche Kader dofir leider nach laang net an all Buttek dem Personal bekannt ass.

E Schoussmippchen ass d'Faustine net - fir datt hat als Assistenzhond weider schaffe kann, muss d'Tessy Wies et weider trainéieren an och ëmmer duerno kucken, datt hat seng Aufgaben disziplinéiert erfëllt. U sech ass d'Faustine vun der Schoul nämlech just geléint - sollt et seng Tricke verléieren oder net gutt no him gekuckt ginn, kéint d'Schoul de Mupp zu all Moment nees zeréckhuelen. "Et muss ee bedenken, datt an deenen Hënn nieft de Suen och eng onheemlech Aarbecht stécht." Bis zu 25.000 Euro kann esou ee Mupp kaschten. Ausgebilt gi si a Famille d'acceuilen, duerno gëtt de Feischlëff an der Hondsschoul gemaach. No zwee Joer intensivem Training sinn d'Déiere prett, hirem neie Meeschter ze hëllefen.

Och wann et schwéier fält, soll een als Friemen Assistenzhënn am Gilet iwweregens net heemelen. Et ass wichteg, datt si sech grad Dobaussen net vun hirer Aarbecht ofbrénge loossen. Dës Gewunnecht kéint fir d'Besëtzer nämlech séier geféierlech ginn, erkläert d'Tessy Wies.

RTL

Wann de Gilet aus ass, dann dierf och en Assistenzhond heiansdo emol just Mupp sinn. / © Tessy Wies