Ob traureg Schicksalsschléi, spannend Aventuren oder witzeg Erliefnisser: An dëser Serie stellen eis Hondsbesëtzer hir ganz aussergewéinlech Muppe vir.

Ëmmer nees héiert ee Geschichte vun Hënn, déi sech vun der Lénkt lass gerappt hunn a fortgelaf sinn. Déi eng kënnen no enger bestëmmter Zäit nees mat hire Meeschtere vereent ginn, déi aner fannen de Wee heem net méi zeréck a bleiwe fir ëmmer verschwonnen oder ginn dout opfonnt. Sichhënn.lu steet de Besëtzer an deene schwieregen Zäiten zur Säit an huet schonn heefeg fir en Happy End gesuergt. Ouni den Argos, een aussergewéinleche Véierbeener, géing et dës ASBL allerdéngs guer net ginn.

Am Alter vun nëmme véier Wochen ass den "Deutsch-Kurzhaar-Mix" op engem Parking virun engem Supermarché zu Agios Nikolaos op Kreta ausgesat ginn. Eng Koppel hat dee Klenge fonnt an dem Tanja F. hirem Pätter bruecht, deen déi Zäit do gelieft huet an am Déiereschutz aktiv war. Wärend hirer Vakanz op der griichescher Insel war et séier ëm d'Tanja an hire Mann geschitt a si hunn decidéiert, den Argos z'adoptéieren.

RTL

© Tanja F

Déi éischt Zäit am neien Doheem war alles anescht wéi einfach. Well hien a jonkem Alter vu senger Mamm getrennt gouf och an d'Koppel zu deem Zäitpunkt keen aneren Hond hat, huet et dem fréiere Stroossenhond u Sozialverhale gefeelt. Hie war e richtegen "Pöbler", wéi d'Tanja am Interview verréit. Fir de Mupp auszelaaschten, krute si "Mantrailing" recommandéiert. E Virschlag, deen hiert Liewe komplett verännert huet. Dës Beschäftegung fuerdert net nëmmen de Kierper, ma och gläichzäiteg de Geescht. Lues a lues huet den Training dem Argos méi Selbstsécherheet ginn an hien huet ugefaangen, méi geloossen a sengem Ëmfeld z'agéieren.

RTL

© Tanja F

Wéi sech erausgestallt huet, war hien esouguer en Naturtalent! Seng Meeschtesch huet no engem erfollegräichen Training d'Asazprüfunge beim "K9" an Däitschland absolvéiert. Dunn hu sech béid der Erausfuerderung vum "Pettrailing" gestallt, fir vermëssten Déieren d'Liewen ze retten. Eng Leidenschaft, déi Hond a Mënsch vun Ufank u gedeelt hunn, an dunn zu enger Liewensaufgab gemaach hunn. 2017 huet d'Tanja F. de Veräin "Sichhënn.lu" grënnt a geet vun do un zesumme mat aneren Déierefrënn an hire Muppen op d'Sich no vermëssten Déieren.

Leider kënne si net all Asaz fueren, well et der heiansdo ze vill sinn. Op Silvester hätt ee beispillsweis en traurege Rekord vun 18 Hënn gehat, déi fortgelaf sinn. Dobäi kënnt, dass d'Tanja F. an och déi aner Membere vun de Sichhënn berufflech täteg sinn an den "Pettrailing" benevole an hirer Fräizäit maachen, ouni dofir bezuelt ze ginn. Grad dowéinst ass de Veräin op Spenden ugewisen, well si wichtegt Material wéi Falen oder d'Remorque finanzéiere mussen. Et kënnt heefeg vir, dass si e puer Mol d'Woch ënnerwee sinn an dat fir 4-5 Stonne pro Asaz.

RTL

© Tanja F

Net nëmme Residenten aus Lëtzebuerg, ma och Leit aus der Groussregioun kontaktéieren d'ASBL, wann hinnen en Déier fortleeft. Meeschtens sinn et Hënn, ma den Argos ass och schonn op d'Sich no enger Kaz oder Deckelsmouk gaangen. Leider kënnt et net ëmmer zu engem Happy End, wann d'Sichhënn am Asaz sinn. En Ubléck, deen net just d'Mënsche mathëlt, ma och d'Sichhënn selwer mussen esou eng traureg Decouverte verkraaften. An dat kann eng Zäitchen daueren. Déi géing een de Muppen och ginn an dann zesummen no vir kucken, sou d'Tanja F. Ëmsou méi schéin ass et, wann een e vermëssten Déier fënnt an een Hond a Meeschter nees vereene kann. Dobäi leeft engem gären emol eng Freedentréin erof, gesteet d'Grënnerin vu Sichhënn.lu. Si kéint net opzielen, wéi vill Liewen den Argos mëttlerweil gerett huet, awer et wieren der eng jett. An dorop ass si als Muppemamm besonnesch houfreg.

RTL

© Tanja F

Nieft dem Argos mécht si och "Pettrailing" mat hiren aneren zwee Muppe Loli a Sally. Wann een dëst Hobby huet, huet ee keng Zäit méi fir aner Hobbyen, sou d'Tanja F. Awer dat wier net schlëmm. Duerch de "Pettrailing" hätt sech d'Bezéiung tëscht hir an dem Argos komplett verännert. Et léiert een deem aneren ze vertrauen a sech op en ze verloossen. Dowéinst ka si och nëmme jidderengem recommandéieren, "Pettrailing" auszeprobéieren, well et Hond a Meeschter als Team zesummeschweesst an hinne kierperlech, wéi och séilesch gutt deet.

RTL

© Tanja F

Am Januar huet d'Tanja F. iwwerdeems en neie Projet an d'Liewe geruff. "Therapie-Trailing" heescht dësen, mat deem si an Zesummenaarbecht mat Déiereschutzorganisatiounen an Déierenasyler a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun dem Veräin Rahna versicht, schwéier vermëttelbar Hënn ze trainéieren. Och hei ass den Argos den Held vun der Stonn a versicht hinne mat senger Erfarung eng Hëllef ze sinn.

Un d'Pensioun ass de Moment nach net ze denken. Mat stolzen 12 Joer ass den Argos nach ëmmer fit a geet reegelméisseg op d'Sich no vermësste Fellnuesen. Sollt hien iergendwann awer kee Spaass méi un der Aarbecht hunn oder et kierperlech net méi paken, da kann hien natierlech a seng wuelverdéngte Pensioun goen, sou nach déi houfreg Meeschtesch.

RTL-Reportage iwwert d'ASBL Sichhënn.lu