Ob traureg Schicksalsschléi, spannend Aventuren oder witzeg Erliefnisser: An dëser Serie stellen eis Hondsbesëtzer hir ganz aussergewéinlech Muppe vir.

Vill Déierefrënn si sech eens: hiren Hond ass méi wéi just en Hond. Fir déi eng ass et e Kannerersatz, fir déi aner ass et e vollwäertege Familljemember. D'Bezéiung tëscht engem Hond a sengem Meeschter ass schwéier a Wierder ze faassen. Heiansdo passt einfach wéi d'Fauscht op d'A. Dat trëfft op jidder Fall op d'Mirelle, hire Partner Thierry an d'Haley zou.

Mat nëmmen 8 Wochen hat d'Koppel d'Haley adoptéiert. Léift op den éischte Bléck war et fir de Véierbeener - sou huet et op alle Fall gewierkt - net. Séier huet sech de Welpe beim éischte Kenneléieren nees aus dem Stëbs gemaach. Dat huet sech allerdéngs séier geännert a mëttlerweil kritt een den Trio net méi getrennt.

Just am Kuerf leien an de ganzen Dag verschlofen ass net dem Mupp senges. En zeechent sech duerch en immens groussen Aktivitéitsdrang aus. Kee Wonner, dass d'Fellnues sou gutt bei seng zwee Meeschtere passt, déi sportlech immens aktiv sinn a gären nei Plazen entdecken. Ob Wanderen, Zelten, Standup-Paddle, mam Skateboard fueren oder d'Mireille um Vëlo begleeden: d'Haley ass bei all Geleeënheet mat dobäi an huet grousse Spaass un de gemeinsamen Aventuren.

RTL

An dat kënnt net nëmme bei de Muppen-Elteren, ma och bei de Leit dobausse gutt un. Ëmmer nees wëlle Passante Fotoe vun hinne maachen. Ufanks war et dem Mireille nach onangeneem, awer mat der Zäit hätt ee sech dru gewinnt, als Fotomotiv ze fungéieren, huet d'Muppemamm verroden. Net seele kënnt et vir, dass si an den Thierry vu frieme Leit ugeschwat ginn, ob hire Mupp d'Haley ass. De 4 Joer alen "De la Rue" ass nämlech e klenge Socia-Media-Star. Op hirem Instagram-Profil luet d'Hondsmeeschtesch reegelméisseg Fotoe vun hirem Véierbeener erop. Eng praktesch Manéier, fir perséinlech Erliefnisser a Bild-Format festzehalen a mat hirem Bekanntekrees an den Haley-Fans ze deelen. Ganz sou einfach ass et allerdéngs net, e gutt Bild hinzekréien. Eng perfekt Foto soll ni den Usproch sinn, betount d'Koppel. Déi schéinst Biller entstinn dacks ganz onerwaart. Dem Déierche géing een nämlech direkt ofgesinn, ob et gezwonge gëtt, fir e Schnappschoss ze poséieren oder net. Mat Gedold, vill Zouneigung a Leckerlien an der Täsch (dem Wonnermëttel Nummer 1) dierft och e Shooting mat engem Mupp ze meeschtere sinn.

RTL

Seng bescht Joren huet de 4 Joer ale Véierbeener nach viru sech, awer d'Koppel huet sech scho Gedanke gemaach, wéi ee verfuere wëll, wann d'Haley op eemol net méi all Aventure matmaache wëll respektiv kann. Och hei ass et dem Mireille an dem Thierry wichteg, de Mupp zu näischt ze zwéngen. An deem Fall wäerte si hir Aktivitéiten de Bedürfnisser vum Hond upassen. Wéi schonn um Ufank gesot gouf: näischt an der Welt kritt dësen Trio getrennt. Bis et sou wäit ass, heescht et all eenzele Moment genéissen. Well dat huet d'Haley hinne bäibruecht. A fir dat ëmzesetzen, huet sech d'Koppel e Van kaf, mat deem si wëlle ronderëm d'Welt reesen. Ëmmer mat dobäi: d'Sportskanoun Haley.