Gescheite Border Collie, treie Labrador - ass un esou Denkweisen eppes drun oder sinn et Stereotyppen ouni wëssenschaftlech Grondlag?

Et si Sätz, déi vill Hondsbesëtzer bestëmmt schonn am Alldag héieren hunn: "Labradore sinn déi léifst Familljenhënn" oder "Kampfhënn sinn alleguerten aggressiv". Entspriechen dës Clichéen der Wierklechkeet? Fuerscher vun den US-Universitéiten MIT an Harvard sinn där Fro nogaangen.

Wéi sech an der Etüd erausgestallt huet, huet d'Rass vun engem Hond kaum en Afloss op säi Charakter. "Iwwerdeems d'Genetik eng Roll bei der Perséinlechkeet vun engem individuellen Hond spillt, ass eng bestëmmte Rass kee gudden Indicateur fir dës Zich", erkläert d'Verfaasserin vun der Etüd Elinor Karlsson. Wat e Golden Retriever beispillsweis definéiert, si kierperlech Mierkmoler wéi d'Form vu sengen Oueren, d'Faarf, d'Gréisst an d'Textur vum Fell, an net, "ob e frëndlech ass", erkläert nach d'Fuerscherin.

D'DNA vun 2.155 rengrassegen Hënn a Baaschterte gouf am Kader vun der Studie ënnersicht, déi en Donneschdeg am Fachmagasinn "Science" verëffentlecht gouf. Gesicht gouf no gemeinsame Gen-Variatiounen, déi e Verhale viraussoe kéinten. Dës Donnéeë goufen duerno mat Aussoe vun den Hondsbesëtzer verglach. Dobäi goung et ënnert anerem ëm d'Froen, ob en Hond op Kommandoe vu sengem Meeschter follegt, wéi e sech Frieme géintiwwer verhält a wéi e mat Spillsaachen ëmgeet.

Zwar hunn d'Fuerscher verschidde Musteren entdeckt, wéi zum Beispill, dass Beagles a Blutthënn méi heefeg jaulen oder Border Collies immens gutt follegen - ma et goufen awer ëmmer nees Ausnamen.

De Wëssenschaftler no géing d'Rass nëmmen 9 Prozent vun den Ënnerscheeder a puncto Verhalen ausmaachen. Den Alter wier deemno vill besser gëeegent, fir d'Verhale vum Mupp virauszesoen.

Eng weider interessant Entdeckung, op déi d'Fuerscher am Laf vun der Etüd gestouss sinn, ass, dass d'Gesellegkeet vun Hënn am Ëmgang mam Mënsch "verierfbar" ass, och wa se net duerch d'Rass bestëmmt gëtt, huet d'Kathleen Morrill ënnerstrach, déi och un der Studie beleedegt war.