No zwee Joer ass an der Regioun Oberbayern erëm e Bier gesi ginn. Eng Kamera fir wëll Déieren huet de Bier de leschte Weekend fotograféiert.

Fir d'lescht war e Bier am Fréijoer 2020 a Bayern nogewise ginn. Ob et dat selwecht Déier ass, wier net gewosst. Obwuel de Bier schonn e puer Mol gesi gi war, erwaart d'Landesamt keng konstant Usiidlung vu Bieren a Bayern, well Bierepopulatioune sech nëmme lues verbreeden. Déi nächst Populatioun ass am italieeneschen Trentino eng 120 Kilometer vu Bayern ewech.

Jonk Männercher maache bei der Sich no engem Weibchen dacks gréisser Touren a kënnen e puer Méint oder Joren ënnerwee sinn. Fanne si keng Partnerin, dréine si erëm ëm a ginn an hir Heemecht zréck.

D'Autoritéiten hu Wanderer opgefuerdert, bei Ausflich dorop opzepassen, keng Iessensreschter a keen Dreck ze hannerloossen.