Zwar kee "König der Löwen", mä op alle Fall e Succès: Am australeschen Taronga Western Plains Zoo goufe fir d'éischte Kéier zanter 2016 dräi Léiwe gebuer.

Den Zoo ass immens houfreg op den éischte Worf vun der Zuuchtkoppel: Mat der Gebuert vun den dräi klenge Léiwinne vum Marion a Lwazi gouf nämlech eng nei genetesch Linn fir de regionalen Zuuchtprogramm agefouert.

Am Moment sinn déi Kleng mat hiren dräi Wochen nach hannert de Kulisse bei hirer Mamm. Si wieren awer gesond an hätten antëscht hir Aen och schonn opgemaach. Déi éischt Méint wäerte si am Hannergrond verbréngen, wou si sech mat hirer Mamm vertraut maachen a lues a lues de Papp Lwazi kenne léieren.

Well d'Marion fir d'éischt Mamm ginn ass, gouf et wärend der Gebuert e puer Komplikatiounen. Nodeems si zwee gesond Klenger op d'Welt bruecht hat, huet si medezinesch Hëllef gebraucht, well si weider an de Wéie louch, awer keng weider Klenger gebuer huet. Schlussendlech hu sech d'Fleeger an d'Veterinär-Experte fir e Keeserschnëtt decidéiert, bei deem leider ee klenge Léiw dout gebuer gouf, wärend eng weider Léiwin op d'Welt koum.

E puer Stonnen no der Operatioun wier d'Marion rëm mat hiren dräi gesonde Léiwinnen zesumme gewiescht an hire Mammeninstinkt hätt och direkt agesat. An den nächste Woche wäerte si och hir éischt Gesondheetschecken an Impfunge kréien.