Fir d’Baueren ass dëst e richtege Problem, well den Dreck an den Offall dacks am Fudder vun den Déiere lant a schwéier Konsequenze kann hunn.

Hondsbesëtzer kennen et vläicht: et geet ee mam Mupp eraus, dee mécht sech propper an dann huet een keng Tut dobäi fir et opzerafen. Wann dat dann an der Natur ass, kéint een et jo leie loossen, do stéiert et jo keen. Oder? Virun allem op Felder sollt een dat awer net maachen. Fir d’Bauere geet do dacks de Misär lass, wann deen Dréck oder och aneren Offall am Fudder lant.

Dat Gras gëtt geméit an dorausser gëtt dann Hee oder Silo gemaach. Fudder, dat un Kéi oder Päerd verfiddert gëtt. Wann do Hondsdreck oder aneren Offall dran ass, vermëscht deen sech mam Iessen. D'Déieren huelen et dann op ouni et eraus ze zortéieren. Duerch Offall, beispillsweis Stécker vu Béchsen, kann et bei Déieren zu Blessuren am Mo kommen. Am schlëmmst Fall kéim et zum Dout. Beim Hondsdreck gëtt et nach een anere Probleem. An deem kënne Parasitte sinn an déi kënnen d'Kéi krank maachen.

De Marc Kellner ass Landwirt an hat viru Kuerzem esou ee Fall. Eng Kou vun him hat eng Feelgebuert, spéider am Schluechthaus war d'Fleesch gréng an et gouf ee Parasit festgestallt: "An do hunn ech gefrot vu wou kënnt dee Parasit dann hir? An den Händler, deen mir d'Kou ofkaaft huet, dee sot, jo dat kéim da vun Hondsdrecker. An do hunn ech dat bei mengem Veterinär och nach nogefrot an dee konnt mir dat och nach bestätegen."

Et ass zwar gutt gemengt, mee als Dünger géif en och net déngen. An der Belsche gouf elo souguer Hondsdreck an den Effekt op d'Natur och ënnersicht. An op Plaze wou vill Muppen sech propper maachen, gouf eng Iwwerdüngung festgestallt.

Fir op dee Probleem opmierksam ze maachen huet den Natur- an Ëmweltschutzsyndicat «SIAS» eng nei Campagne gestart. "Moien" heescht d'Campagne an et si kleng Schëlder, déi bei Felder stinn. . Heibäi handelt et sech ëm eng Sensibiliséierungscampagne vum Natur- an Ëmweltschutzsyndicat «SIAS», déi an Zesummenaarbecht mam Comité de pilotage «Guttland Musel» entstanen ass. Do geet et ënner anerem ëm den Hondsdreck, mee awer och ëm d'Sëtzzäit beim Wëld. Vu fräilafenden Hënn kéinten si gestéiert ginn.