Net nëmme séiss, mä och relativ ongewéinlech ass den neien Nowuess am Känguru-Park vum Déierepark Sababurg.

Amplaz vun engem grobrongen oder routbronge Fell ass dee Klenge vum "Benettkänguru"-Weibchen Zali komplett wäiss. "Esou eppes kënnt nëmme seele vir, well et an der fräier Natur mat esou enger Faarf schlecht getarnt an domat d'Iwwerliewenschancë geréng wieren", schreift den Déierepark op senger Facebook-Säit.

Nach verstoppt de klengen Albino-Känguru sech am Beidel vu senger Mamm a wäert eréischt an e puer Méint d'Welt op eegene Féiss entdecken. Bis dohin brauch en och nach en Numm.