Kambodschanesch Fëscher hunn am Norde vum Land ee 4 Meter laangen an 180 Kilo schwéiere Roche gefaangen.

Gefaange gouf de sougenannten "Séisswaasserstiechrochen" an der nërdlecher Provënz Stung Treng am Floss Mekong. Dëst mellt eng international Experten-Ekipp vum US-finanzéierte Projet "Wonders of the Mekong". Deemno gouf de Fësch gewien a gemooss, ier e rëm fräigelooss gouf.

Den 180-Kilo-Rochen ass reng zoufälleg an d'Netz gaangen: Hien hat ee méi klenge Fësch geschléckt, deen dee Moment um Krop vun de Fëscher houng.

De Séisswaasserstiechrochen zielt zu de gréisste Séisswaasser-Fësch vun der Welt. Ënner anerem wéinst Iwwerfëschung an Ëmweltverschmotzung riskéiert en allerdéngs auszestierwen. Experten no kéinten am 80 Meter déiwe Mekong nach méi grouss Exemplare vu senger Aart liewen.

De Mekong, deem seng Ënnerwaasserwelt zu engem groussen Deel onerfuerscht ass, gëllt als ee vun de wichtegste Liewensraim fir iwwer 1.000 Fësch-Aarten. Mä och hei stellt Ëmweltverschmotzung eng seriö Gefor duer. Experten no kann een op Opname an den Déifte vum Mekong ëmmer rëm Plastiksoffall oder verluere Fëschernetzer entdecken. Och warnen Ëmweltschützer virum Bau vu Staudämm, vue dass och dës de Fëschbestänn schuede kënnen.

RTL

© Wonders of the Mekong/AFP/Chhut Chheana