Mir ware bei esou engem Shooting dobäi an hunn dem Benny Schiltz iwwer d’Schëller gekuckt.

De Benny Schiltz ass mat Hënn a Kaze grouss ginn. Mat der Déierefotografie huet hien e Wee fonnt, d’Léift zu den Déieren an och seng Passioun fir d’Fotografie mateneen ze verbannen. Als Hobby fotograféiert hien haaptsächlech Hënn, schonn eleng doduerch, well hien och an engem Hondsclub ass. Do ass et da méi einfach, fir u Modellen ze kommen. Do derniewent kommen och Kazen oder Päerd virun d’Lëns. Den Interessi fir Fotoen ze maachen an och Basiswëssen iwwer d’Technik hëllefen, fir dëst léieren. Mat Workshops bei anere Fotografen - och am Ausland - a mat Tutorials huet de Benny Schiltz säi Wëssen an deem Beräich ëmmer erëm verdéift. Wichteg ass, sech ëmmer weiderzebilden.

Mat all Mupp kënne Fotoe gemaach ginn. Wann den Hond am Ufank ze opgedréint ass, ginn et Tricken, fir en ze berouegen. E Spadséiergang hëlleft meeschtens direkt. Dëst huet de weideren Effekt, datt de Meeschter sech och entspaant. Dacks sinn déi nämlech e bëssen opgereegt virum Shooting. Wann de Meeschter relax ass, hëlleft dat dem Hond dann och.

Wärend dem Trëppele kann de Benny Schiltz erklären, wat op där Plaz alles méiglech ass, fir Fotoen ze maachen. Hëllefräich ass deen Ament d’Fro, wéi d’Leit sech d’Foto virstellen, déi duerno an d'Stuff komme soll. No ongeféier enger Véierelsstonn gëtt mam Shooting ugefaangen. Dat Ganzt ass mental ustrengend fir den Hond, dofir ass et wichteg Pausen anzeleeën. Dës kënnen och genotzt ginn, fir d'Location ze wiesselen.

Bei engem friemen Hond hëllefe Bäll, Quiitschien oder d’Liblingsspillsaach, fir d’Opmierksamkeet vum Véierbeener ze kréien. De Meeschter weess do am beschten, op wat de Mupp reagéiert. Och bei wibbelegen Hënn ass et méiglech, gutt Fotoen hinzekréien. Ganz kuerz hält d'Déier ëmmer stall an dat geet dacks duer, fir e gutt Resultat ze kréien. Den Hond soll herno wéi ee Profi ausgesinn. Zil ass et, datt dat Ganzt eng flott Experienz fir jiddereen ass. Et ass och kee Problem, wann den Hond wärend dem Shooting eng Léngt muss unhunn. Do ginn et ganz dënner, déi duerno um Computer ewechgemaach kënne ginn.

De Benny Schiltz hëlt als Motiver just Déieren, awer keng Mënschen. Bei sengem Hobby blitt hie richteg op. Dofir schafft hien net an engem Studio, mee meeschtens dobaussen an der Natur oder an enger Stad. Fir op d’Wënsch vun de Clientë besser agoen ze kënnen, ass hien ëmmer op der Sich no neie Locations.

Serie "Beruffer an der Déierewelt"