Zu Walldorf dierfe Kazen iwwert de Summer net méi eraus. Dat well een déi menacéiert Hauweléierche rette wëll. Kritik kënnt vum Déiereschutzverband.

Fräigang virop verbueden: Hauskazen zu Walldorf dierfe bis Enn August net méi ouni Begleedung aus dem Haus. Fir Hauweléiercher ze schützen, déi vum Ausstierwe menacéiert sinn, huet de "Landesratamt" eng wuel bundeswäit eemoleg Verfügung verhaangen. Deemno dierfe Kazen am südlechen Deel vun der Stad bis Enn August 2022 souwéi an den nächsten dräi Jore jeeweils vun Abrëll bis August net méi eleng virun d'Dier.

Kritik um Virgoen huet de "Landesratamt" e Mëttwoch zréckgewisen. Fir datt d'Hauweléiercher weiderbestoe kënnen, kéim et "op d'Iwwerliewe vun all eenzelem jonke Vull" un. Den Däitschen Déiereschutz warnt allerdéngs do virdrun, datt et vill Stress a Leed fir d'Kaze bedeit, wann een dës op länger Zäit aspäert. Donieft géing de Réckgang vun Aarte wéi d'Hauweléiercher op de Verloscht vu Liewensraim a Fudder zréckgoen. Deemno huet den Déiereschutz Wiesloch/Walldorf ugekënnegt, juristesch géint d'Verfügung virzegoen.

Kazebesëtzer, déi sech net un den Hausarrest fir hiert Déier halen, dreet eng Geldstrof vu 500 Euro. Bis zu 50.000 Euro kann et kaschten, wann d'Kaz ee vun de seelene Vulle blesséiert oder ëmbréngt. Wie seng Kaz awer erausloosse wëll, kann eng speziell Autorisatioun ufroen. Hei muss da mat GPS-Donnéeën nogewise ginn, datt d'Déier net am entspriechende Gebitt ënnerwee ass oder et muss een mat der Kaz un der Léngt spadséiere goen. D'Léngt dierf awer an deem Fall net méi wéi zwee Meter laang sinn.