Wéi d'Déiereschutzorganisatioun matdeelt, goufen d'Bieren-Geschwëster Be an Em bei engem Mann fonnt, deen dës gefaangen huet, fir se ze verkafen.

Déi zwee kleng Biere goufen doropshin an eng Opzuuchtstatioun vun der Déiereschutzorganisatioun "Four Paws" bruecht. "Am Moment iessen, spillen a schlofe si haaptsächlech, mä mir kënne schonn hir individuell Perséinlechkeeten erkennen", erkläert d'Déierefleegerin Emily Lloyd. "D'Be ass immens verspillt a selbstbewosst. D'Em ass éischter zréckhalend, mä trotzdeem virwëlzeg."

An der Statioun goufen "Four Paws" no an de leschte Jore scho fënnef Biere vun Hand opgezunn, déi ënnert änlechen Ëmstänn gerett goufen. D'Be an d'Em sollen dauerhaft bei den Déiereschützer bleiwen. Dat well se net ausgewëldert kënne ginn, well et am Vietnam keng sécher Plaze fir Bieren a keng Auswëlderungsprojete gëtt.

Am Vietnam gëtt immens vill illegal mat wëll Déiere gehandelt. Biere ginn agefaangen an a Käfeger gehalen, fir d'Gal aus hire Galeblosen unzezapen, där an der traditioneller chineesescher Medezin Heelkräften nogesot gëtt. Et goufen zwar Gesetzer am Vietnam gestëmmt, fir den Handel mat wëllen Déieren ze reduzéieren, dës goufen awer bis ewell bal net duerchgesat.