"Out of Office"-E-Maile sinn normalerweis eng relativ onspannend Affär. Mee et geet och anescht.

"Out of Office"-E-Maile sinn normalerweis eng relativ onspannend Affär.

Et gëtt ee gewuer, wéi laang d'Persoun, déi ee kontaktéiere wëll, am Congé ass - dat war et u sech schonn. Datt "out of Office"-Mailen awer net esou langweileg si mussen, weist elo déi national Tourismusagence vun Island.

D'Agence huet een zimmlech aussergewéinleche Service an d'Liewe geruff: Amplaz vun enger langweileger automatiséierter E-Mail kréien d'Leit, déi ee wärend dem Congé kontaktéieren, elo personaliséiert "Out of Office"-Noriichte geschéckt - vu Päerd.

Dräi verschidde Päerd - natierlech Islänner - stinn dem User fir dëse Service zur Wiel. Mat behoufte Schrëtt iwwert eng riseg Tastatur schécken d'Päerd Ären Aarbechtskontakter Texter wéi "8io:l:;l:oiiþ::" oder och "ehxnewhjjjjjjjjjjjjjj".

Umelle kann ee sech gratis op www.outhorseyouremail.com. Eng 8.000 Leit hu sech bis elo scho fir d'Maile vun der Insel ageschriwwen. "Island huet de Service "Outhorse your E-Mail" fir Leit op Reesen ze hëllefen, sech de deconnectéieren a vun de Besonneschkeete vum Land ze profitéieren, ouni Ënnerbriechung", esou d'Sigríður Dögg Guðmundsdóttir vu Visit Iceland der AFP géigeniwwer.