Mat strenge Reglementer an Tester kämpft d'Federation Cynologique Luxembourgeoise fir seriéis Hondszuuchten a leet Wäert op d'Gesondheet vun den Hënn.

D'Carole Pleimling huet laang mam Gedanke gespillt, Hënn ze ziichten. Fir den Dackel huet si sech 2007 entscheet. Hiren éischten Dackel koum aus dem Déiereschutz a war virdru scho 4 Mol vermëttelt ginn. Ma beim Carole Pleimling hat hie säin Doheem fir ëmmer fonnt an d'Fra aus dem Oste vum Land d'Rass, mat där si ziichte wollt. Ma fir d'Carole Pleimling war awer kloer: Wann Zuucht, dann och gesond. Vu sougenannte "Vermehrer" hält si näischt. "Entweder et entscheet ee sech fir e Rassenhond vun engem seriöen Ziichter oder fir en Hond aus dem Déiereschutz, respektiv dem Déierenasyl. En Ziichter, deen Hënn ouni Pabeiere verkeeft, mécht et just fir d'Suen. An hei kommen dacks krank Hënn dobäi raus, well et just ëm d'Produktioun geet.", sou d'Dackel-Ziichterin.

Dofir ass si sech och verschidden Zuuchten ukucke gaangen, huet vill iwwert d'Rass geléiert an huet och Coursë gemaach, éiert si hiren éischten Zuucht-Dackel geholl huet. Fir dass déi zukünfteg Besëtzer wëssen, wéi een Hond si do kréien an och fir sécher ze sinn, dass dëse gesond ass, huet d'Carole Pleimling sech dofir entscheet sech och bei der FCL als Ziichterin unerkennen ze loossen.

Fir d'Gesondheet vum Déier an d'"Rassenerhalung"

Bei der Federation Cynologique Luxembourgeoise (FCL) verflichte sech d'Ziichter nämlech dozou, d'Rassen ze erhalen an dofir no de Standarde vun der spezifescher Rass ze ziichten. Fir den Opwand kréien déi nei Besëtzer da propper Pabeieren, dass den Hond iwwerpréift a gesond ass. Éier bei der FCL en Hond zur Zuucht zougelooss gëtt, respektiv duerno seng Pabeiere kritt, heescht et nämlech eng Partie Tester maachen.

Allgemeng sinn dëst d'Rëntgen vun ënnert anerem dem Hëftgelenk an der Schëller. Dës weidere gëtt d'Genetik vun den Hënn iwwerpréift, d'Eltere vum Welpen agedroen an op Rasse-spezifesch Krankheeten ënnersicht. Beim Dalmatiner zum Beispill gëtt besonnesch op d'Gehéier opgepasst, well dës Rass zu engem gewësse Pourcentage dozou tendéiert daf ze sinn.

Fir d'Dackele ginn et dann och spezifesch Tester a Virschrëften. Sou gëtt  bei dësen, wéi och bei anere klenge Rassen, d'Knéischeif iwwerpréift. An och d'Ae musse getest ginn. Dat gëllt mol fir hir Kuerzhaardackelen. Huet ee Rauhaardackele stinn nach méi Tester un, well an dëser Rass aner Krankheete vertruede sinn, erkläert d'Carole Pleimling.

RTL

© Céline Spithoven/RTL

Als seriéisen Ziichter huet ee sech och un d'Zuuchtpausen ze halen. Do kënnt et dann och mol vir, dass e Ziichter e Joer kee Worf Welpen huet. Dës weideren dierf eng Mudder nëmme vun engem bestëmmten Alter u gedeckt ginn an dat och just bis e gewëssenen Alter. Duerno dierfen d'Mudderen dann an hie wuelverdéngte Pensioun. D'Carole Pleimling huet aktuell 4 Mudderen an hirer Zuucht. Ma nëmmen zwou vun hinne sinn nach aktiv.

Bei Zuuchten, wou et vill Wërf d'Joer ginn an d'Muddere keng Zuuchtpaus kréien, kann ee vu sougenannte "Vermehrer" schwätzen. Hei geet et dann tatsächlech nëmmen ëm d'Produktioun a séiert Geld. Déi Hënn sinn dann awer dacks krank, well queesch duerch de Gaart gemëscht gëtt an dat dacks och nach ouni Grondkenntnisser vum "Ziichter", sou d'Erklärunge vum Raymond Jung, President vun der FCL.

En Hond huet säi Präis an dat net ouni Grond

E Rassenhond ka gäre mol 1.500 bis 3.000 Euro kaschten. Dat läit awer dodrun, dass eben sou vill getest gëtt an och immens vill Aarbecht hannendru stécht. Den Opwand ass scho grouss, éiert d'Mudder iwwerhaapt schwanger ass. Sou muss fir d'éischt de passende Partner fonnt ginn an hei muss een dann och mol grouss Distanze fueren.

Carole Pleimling: "Dat kënne gäre mol 1.000 Kilometer Faart sinn ouni Gewëssheet, dass den Akt klappt. Da komme wärend der Schwangerschaft an no der Gebuert och nach eng Partie Veterinairsrechnungen dobäi. Mol ganz dovun ofgesinn, wéi grouss den Aarbechtsopwand ass." 

Dës weideren ass d'Ziichterin mat jorelaanger Erfarung och där Meenung, dass een de Präis fir den Hond just eng Kéier bezilt an duerno an der Reegel eng Partie Joren eppes vum Hond huet. Wiem de Kafpräis, da schonn ze deier wier, dee kéint jo dann och net fir all déi Rechnungen opkommen, déi den Hond am Laf vu sengem Liewe verursaache wäert.

RTL

© Céline Spithoven/RTL

Hënn mat komplette Pabeieren - Keng Obligatioun

Sech als Ziichter bei der FCL ze engagéieren, ass awer kee Muss. Wëll een zu Lëtzebuerg Hënn ziichten, muss ee just eng Autorisatioun vum Landwirtschaftsministère kréien. Hei kënnt d'Veterinärsinspektioun laanscht kucken an entscheeden, ob den Demandeur ziichten dierf oder net.

Bei der FCL kommen da wéi gesot déi ganz Tester dobäi an et dierf een nëmmen unerkannte Rassen ziichten. Dat sinn der ronn 360 Stéck. Kräizungen, wéi de beléifte Labradoodle (Labrador a Puddel) oder de Pugle (Beagle a Mops) si bei der FCL an dem internationale Verband FCI net unerkannt.