No enger Plainte vun Déiereschützer huet e Geriicht decidéiert, datt déi sougenannten "Fiesta Brava"-Kämpf an der Arena zu Mexiko-Stad virop ausgesat ginn.

Dem Urteel vum mexikanesche Geriicht no sinn d'Stéierkämpf an der gréisster Stéierkampfarena vun der Welt verbueden, bis iwwert hir Verfassungsméissegkeet decidéiert gëtt.

"Éischte Schrëtt vun der Gerechtegkeet fir d'Stéieren!", huet d'Déiereschutzorganisatioun AnimaNaturalis México op Twitter geschriwwen. Elo misst ee weider kämpfen, bis en decisiivt Verbuet vu Stéierkämpf erreecht géing ginn. Zesumme mat aneren Organisatiounen hat AnimaNaturalis viru Geriicht e Verbuet gefuerdert, well d'Verfassung vun der Haaptstad de Schutz an d'würdeg Behandlung vun Déiere virschreift. D'Entreprise, déi d'Plaza México bedreift, huet hirersäits ugekënnegt rechtlech dogéint virzegoen, fir déi "mexikanesch Traditiounen a Bräich" ze verdeedegen.

An d'Plaza México passe méi wéi 41.000 Spectateuren, wougéint an d'Kampfarena La Ventas zu Madrid nëmme Plaz fir eng 24.000 Leit ass. D'Géigner vum Stéierkampf a Mexiko betounen ëmmer rëm d'Leed an d'Ëmbrénge vun de Déieren - d'Ënnerstëtzer behaapte sech op eng Joerhonnerten al Traditioun, déi zéngdausenden Aarbechtsplazen a Mexiko garantéiert.

Eng Rei Gesetzesproposen iwwert e Verbuet vum Stéierkampf goufen an de leschte Joren am mexikanesche Parlament abruecht, koumen awer bis ewell net virun.