Bannent engem Joer sinn am Grenzgebitt vun Däitschland an Tschechien 13 Luchsen ouni Spuer verschwonnen, déi hirer Géigend eigentlech trei waren.

Mam Projet "Tatort Luchs" wëllen Naturschutzfederatiounen géint Luchs-Wëlderei virgoen. Um Dag vum Luchs, den 11. Juni, hunn WWF an der Veräin "Luchs Bayern" hir Zesummenaarbecht mat der tschechescher Organisatioun Hnutí DUHA an der Uni Bremen ugekënnegt.

Wéi et aus enger Etüd vun 2018 heescht, géinge bis zu 25 Prozent vun de Luchsen a Bayern gewëldert ginn. "Wann d'Wëlderei an deem Ausmooss weidergeet, kéint d'Luchspopulatioun am Grenzgebitt vun Däitschland an Tschechien an 100 Joer ausgestuerwe sinn", heescht et vun den Naturschützer. Dacks géingen déi grouss Kaze vergëft, erschoss oder erschloe ginn a sinn dowéinst weider menacéiert.

D'Ekipp vun "Tatort Luchs" wëll Ranger, Bëschaarbechter, Affekoten a Riichter ausbilden, fir d'Recherche vu Strofdoten am Zesummenhang mat Wëlderei ze verbesseren an d'Quot vun de Verurteelungen z'erhéijen.

Dem WWF an "Luchs Bayern" no sinn tëscht 2018 an 2019 am Grenzgebitt Bayern-Böhmen 13 erwuesse Luchse verschwonnen, déi hirer Géigend trei bliwwe sinn. Donieft gëtt et Beweiser dofir, datt zwou Grousskazen ëmbruecht goufen. Obwuel schonn dacks nogewise konnt ginn, datt d'Luchsen illegal ëmbruecht goufen, ass bis ewell nach keen Täter verurteelt ginn. 2019 stoung e Jeeër wéinst dem illegalen Ëmbrénge vun engem Luchs viru Geriicht a gouf zu enger Geldstrof verurteelt. Am Appellsprozess gouf d'Affär wéinst Verstouss géint d'Naturschutzgesetz fale gelooss, well de genauen Zäitpunkt vun der Dot net méi nogewise konnt ginn an esou eventuell scho verjäert war.