Onerwaarte Besuch gouf et dës Lescht fir d'Gorillaen. Iwwert de Gaascht hu sech d'Afen allerdéngs alles anescht wéi gefreet.

Zanter e puer Deeg maache Videoen, déi lescht Woch am Zoo zu San Diego gemaach goufen, d'Ronn. Drop ze gesinn: en Hond an engem Afen-Areal, dee vun zwee Gorillae gejot gëtt. Op den Opname wierkt den Hond verängschtegt, wéi e versicht, de Gorillaen z'entkommen. Wéi de Mupp an hire Beräich andrénge konnt, ass net gewosst. Besuergten Hondsbesëtzer konnten am Zoo och net ugetraff ginn. En Chip gouf och net beim Schäferhond-Mix fonnt.

Glécklecherweis konnt d'Déier vun der San Diego Humane Society aus senger mësslecher Lag gerett ginn. En Déierenasyl aus der Ëmgéigend këmmert sech elo ëm den "Abriecher" op véier Been, deen den Numm "Might Joe Young" krut.