Den Nonhuman Rights Project wollt viru Geriicht en Elefant als Mënsch unerkenne loossen, fir en esou aus engem Zoo ze befreien.

"Intelligent" awer keng "Persoun": Eng US-Déiereschutzorganisatioun ass mam Versuch gescheitert, een Elefant vun der Justiz als Mënsch astufen ze loossen an en esou aus engem New Yorker Zoo befreien ze kënnen. Den Ieweschte Geriichtshaff vum US-Bundesstaat New York huet en Dënschdeg eng Demande vum Grupp Nonhuman Rights Project ofgeleet, fir den Elefant "Happy" zu engem Mënsch mat geschütztem "Recht op kierperlech Fräiheet" ze erklären.

Kee géing a Fro stellen, datt Elefanten intelligent Wiese sinn, déi eng ugemoosse Behandlung a Matgefill verdéngen. Ma den Elefant wier awer en net-mënschlecht Déier, dat keng Persoun ass, dat enger illegaler Prisongssrof ausgesat wier, sou d'Riichterin Janet DiFiore. Déi am englesche Sproochraum als Writ of Habeas Corpus bekannte geriichtlech Iwwerpréiwung vun der Rechtméissegkeet vun enger Inhaftéierung, déi e Mënsch virun enger illegaler Prisongsstrof schütze soll, kéint dowéinst beim Elefant net ugewannt ginn.

Den Nonhuman Rights Project wollt mat senger Klo erreechen, datt den Elefant, deen zanter 45 Joer am Zoo am New Yorker Quartier Bronx lieft, an e speziellt Schutzgebitt bruecht gëtt.