Englesch Bulldoggen ziele mat hirer platter Schnuff an hirem kräftege Kierperbau zu de beléiftste Rassen an hirem Heemechtsland.

D'Ausgesi vun dëse Véierbeener, dat bei den Hondsfrënn esou gutt ukënnt, bréngt allerdéngs eng Partie gesondheetlech Problemer mat sech. Dat schreiwe brittesch Wëssenschaftler an enger Etüd, déi e Mëttwoch an der Fachzäitschrëft "Canine Medecine and Genetics" publizéiert gouf. Englesch Bulldogge sollen deemno däitlech méi dacks krank gi wéi aner Rassen. Aen- an Hautentzündungen, Otemproblemer an Zyste si just e puer Krankheetsbiller, déi heefeg bei dëser Rass optrieden, hiewen d'Fuerscher ervir.

Fir dës Etüd huet den Dan G. O'Neill vum Royal Veterinary College eng Statistik aus dem Joer 2016 ausgewäert, an där Veterinär-Behandlunge vun iwwer 24.000 Hënn opgelëscht goufen, dorënner méi wéi 2.000 Englesch Bulldoggen. Bei der Auswäertung koum eraus, dass dës Rass duebel sou heefeg erkrankt wéi aner Hondsrassen.

Wéinst hirem Fell si si ufälleg fir Hautkrankheeten, hir Aen entzünde sech liicht an déi platt Schnuff suergt fir Otemproblemer. An duerch déi kräfteg Muskulatur entwéckelen Englesche Bulldogge séier Zysten tëscht den Zéiwen. Dës Problemer sinn net nei bei Englesche Bulldoggen. Allerdéngs ginn d'Krankheetsbiller an dëser Etüd eng éischte Kéier quantifizéiert.

D'Auteure vun der Studie féieren déi vill gesondheetlech Problemer op déi extrem Fixéierung vun den Ziichter op typesch Rassemierkmoler zeréck. Dowéinst fuerdere si, dass d'Krittären dréngend misste geännert ginn, fir ze verhënneren, dass Groussbritannien op d'Lëscht vun de Länner kënnt, an deenen d'Zuucht vun Englesche Bulldogge verbueden ass.