De Bestand vun der sougenannter "Schmalfußbeutelmaus" ass a Gefor. Schätzungen no liewen nach ronn 500 Exemplairen op der Känguru-Insel.

98% vun hirem Liewensraum ass duerch déi uerg Bëschbränn 2019/2020 zerstéiert ginn. Enger Etüd vun der Universitéit Adelaide no géinge wëll Kazen eng grouss Menace fir d'Iwwerliewe vun der "Sminthopsis aitkeni" (op Däitsch "Schmalfußbeutelmaus") duerstellen. De Louis Lignereux a säi Fuerscherteam hunn de Mo-Inhalt an de Verdauungstrakt vu 86 wëlle Kazen ënnersicht, déi tëscht Februar an August 2020 a Schutzgebitter op der Insel agefaange goufen. Si goufen am Kader vun engem nationale Kontrollprogramm an am Aklang mat de südaustraleschen Déiereschutzgesetzer ageschléifert.

Am Verdauungstrakt vu siwen ënnerschiddleche Kazen, wat iwwer 8% vun den ënnersichten Déieren entsprécht, goufen Iwwerreschter vun der "Schmalfußbeutelmaus" festgestallt. Dëst ass déi éischte Kéier, dass nogewise konnt ginn, dass Kazen effizient Jeeër vun dëse spezielle Mais sinn, schreiwen d'Fuerscher am "Scientific Reports".

Déi wëll Kazen (Felis catus) goufe wärend der europäescher Besiidlung an Australien importéiert. Hir Populatioun kéint zum Ausstierwe vun der "Schmalfußbeutelmaus" féieren. Dowéinst wier et noutwenneg, hire Bestand a Gebitter, wou menacéiert Déierenaarte liewen, ënner Kontroll ze halen, sou nach d'Wëssenschaftler.