Net seele kënnt et vir, dass Veterinären Hënn behandele mussen, déi am Summer ënner Verbrennungen un de Patte leiden. Virbeuge kann ee mam 7-Sekonnen-Test.

Net just d'Zweebeener, ma och hir Véierbeener leiden ënnert der Afenhëtzt. Och wann et gutt gemengt ass, maache vill Hondsfrënn hirem Déier kee Gefalen, wa se mat him bei héijen Temperaturen trëppele ginn. Besonnesch geféierlech ass et fir de Mupp, wann de Spadséiergang iwwert de Makadamm geet. Mat Schong un de Féiss fält dem Mënsch net op, wéi waarm de Buedembelag ass. Den Hond dogéint kritt d'Hëtzt u senge Baleren ze spieren. Wann d'Loftemperatur bei 25 Grad läit, erreecht déi vum Makadamm 52 Grad. Sinn et dobaussen 31 Grad, klëmmt d'Temperatur vum Makadamm op 62 Grad, sou d'Fuerscher vun der Frostburg Universitéit an enger Etüd. Buedembeleeg huelen iwwerdeems net alleguerten déi selwecht Temperatur un, geet aus där Studie ervir. Bei der selwechter Lofttemperatur goufen zum Beispill 40 Grad um Bëtong gemooss, 43 Grad op den Zillen an 51 Grad um Makadamm.

D'Gefor, déi vum waarme Buedembelag ausgeet, ass net z'ënnerschätzen. D'Verbrennungsgefor ass bei héijen Temperature grouss. Dowéinst sollen Hondsbesëtzer an de fréie Moiesstonnen oder owes trëppele goen. Grondsätzlech gëllt, de Mupp mëttes doheem ze loossen. Hëlt een d'Déier awer mat op den Tour, soll ee sech fir eng Trëppelronn mat vill Schied entscheeden. Ausserdeem recommandéiert d'Veterinärin Romi Roth de Muppefrënn, besonnesch am Summer op Feldweeër, am Bësch an op Gras ze spadséieren, well dee Buedembelag manner séier ophëtzt wéi Makadamm.

Speziell Schong fir Hënn kënnen eng praktesch Alternativ sinn, fir Verbrennungen ze vermeiden, ma net all Hond ass e Fan vun esou engem Accessoire.

7 Sekonnen erspueren dem Déier vill Péng

Fir ze kucken, ob de Buedem fir de Véierbeener ze waarm ass, gëtt et e ganz einfachen Trick. Beim sougenannte 7-Sekonnen-Test dréckt een den Handréck fir 7 Sekonne fest widder de Makadamm. Hält een déi 7 Sekonne labber aus, ouni dass et wéideet, kann een dem Hond d'Léngt undoen a sech direkt op de Wee maachen. Fille sech déi 7 Sekonnen dogéint onangeneem un oder et packt een et mol net 7 Sekonnen um Stéck, ass et besser, d'Fellnues doheem ze loossen. An deem Fall besteet nämlech Verbrennungsgefor an dat soll ee sengem Hausdéier net zoumudden.

RTL

© Shutterstock

Verbrennung un de Patten: an elo?

Ëmmer nees kënnt et vir, dass Muppefrënn eréischt ze spéit opgefall ass, dass de Buedem ze waarm fir d'Patte war. Konsequenz: de Mupp leit ënner Verbrennungen un de Baleren. Dëst erkennt een u roude Plazen un der Haut, déi zum Deel och geschwolle sinn (éischte Grad). A ganz uerge Fäll sinn esouguer Brandblosen (zweete Grad) oder schwaarz Plazen (drëtte Grad) ze gesinn. Fir dem Déier sou séier wéi méiglech ze hëllefen, sollen d'Patten direkt mat Waasser oder staarkem Kamillentéi gepläscht ginn. Duerno réit d'Romi Roth direkt bei den Déierendokter ze fueren, well esou Wonnen net nëmme wéi dinn, mä sech och gär entzünde kënnen.

Vill Hënn loossen et sech am Summer net huelen, Stonnen a Stonnen am Gaart ze verbréngen. Déi eng leeë sech vun Ufank un an de Schied, anerer "brutzelen" richteg an der Sonn a schénge sech net un der Hëtzt ze stéieren. Hei ass Virsiicht gebueden, warnt d'Déierendoktesch Romi Roth. Och am eegene Gaart am Schied kann et bei Afenhëtzt ze waarm fir de Mupp sinn. Dowéinst soll een d'Déierchen an A behalen an no enger gewësser Zäit an déi méi kill Wunneng huelen.