Op der Sich no rarem Edelmetall si Minne-Mataarbechter op eppes nach méi Rares gestouss: nämlech op e bal vollstännegen, mumifizéierte Wollhoer-Mammut.

D'Fell an d'Haut vun deem klenge Mammut sinn erhale bliwwen. En ass "wonnerschéin an eent vun den erstaunlechste mumifizéierten Äiszäit-Déieren, déi bis ewell fonnt goufen", sou de Paleontolog Grant Zazuka.

Kanadesch Minnenaarbechter hunn d'Déier südlech vun der Stad Dawson City (Yukon) zoufällegerweis fonnt, wéi si op der Sich no Gold waren. Nach ni ass een an Nordamerika op esou eng Mammut-Mumie an engem däraarteg gudden Zoustand gestouss. Éischten Untersuchungen no war d'Déier ee Mount al.

Geologe vun der Universität Calgary ginn dovunner aus, dass d'Déier wärend der Äiszäit gestuerwen ass an iwwer 30.000 Joer am Permafrascht agefruer gouf. Wollhoer-Mammuter hu virun honnertdausende vu Joer an Eurasien gewunnt an duerno och an Nordamerika. Si si virun ongeféier 13.000 Joer um Festland ausgestuerwen, op verschiddenen arkteschen Inselen e puer Joerdausende méi spéit.

Fir Yukon ass et awer net déi éischt aussergewéinlech Decouverte. Dëst Gebitt ass bekannt fir seng Entdeckungen aus der Äiszäit. 1948 goufen Deeler vun engem Mammut-Kallef, dat den Numm Effie krut, an Alaska fonnt.