Enn vum Wanter 2021-2022 sollen a Frankräich 921 Wëllef gelieft hunn. Eng Zuel, déi fir dat Joer drop nach wäert an d'Luucht goen.

Hei geet een dovunner aus, dass bis zu 1.016 Wëllef am Hexagon kéinte liewen. De Wollef huet de Wee iwwert Italien zeréck a Frankräich fonnt an iwwert déi lescht 10 Joer huet sech d'Populatioun vu Joer zu Joer vergréissert. D'Zuel vun doudege Wëllef pro Joer geet erof an d'Reproduktioun geet erop.

Obwuel de Wollef an der EU als geschützt gëllt, gëtt et awer eng begrenzten Unzuel vun erlaabten Déieren, déi däerfe geschoss ginn. Deen Taux beleeft sech op maximal 19% vun der Populatioun. Fir d'Joer 2022 ass ee bei deem Kontingent scho bei 29 Déieren.

RTL