Warscheinlech sollte se a Spuenien oder Portugal verkaf ginn: An engem Transporter goufen Dosenden Hënn fonnt - verschiddener a ganz schlechtem Zoustand.

De Won mat den Déiere wier der bayrescher Police op der A6 bei Pleystein opgefall, heescht et vum Policebüro Oberpfalz. Déi 72 Muppewelpe sollte wuel vu Männer aus der Slowakei bis a Spuenien a Portugal transportéiert ginn.

Wéi d'Beamten hannen an de Won gekuckt hunn, hu si misste feststellen, datt d'Hënn net anstänneg versuergt waren: Si waren ze jonk fir den Transport, hir Käfeger waren ze kleng a si hate kee Waasser. Verschidde Muppe wiere schonn dehydratéiert an apathesch gewiescht. Wéi et vun der Veterinärsautoritéit heescht, hätt d'Aart a Weis vum Transport an de klenge Käfeger géint d'Gesetz verstouss.

Ënnert den Hënn, déi vum Déiereschutz mat zéng Gefierer ofgeholl goufen an op siwen Déierenasyler opgedeelt goufen, ware Rasse wéi Dackel, Mopsen, Huskyen a Golden Retriever. De Verkafswäert vun de Muppen schätzen d'Ermëttler op iwwer 100.000 Euro. D'Zomm géing weisen, wéi lukrativ esou Transporter fir Déierenhändler si kënnen an den Doud vu verschidden Hënn wuel op d'mannst a Kaf geholl gëtt. Géint d'Männer, déi d'Déieren transportéiert hunn, gouf Plainte gemaach - si musse sech wuel géint Dokumentefälschung veräntwerten.