Eigentlech solle Kaze jo e puer Liewen hunn: Ma e Mupp a Kanada, deen dem sécheren Doud immens no war, weist, datt dat och op Hënn zoutreffe kéint.

Dat 8 Méint aalt Coco soll sech eigentlech am Virgäertchen e bëssen austoben a spillen. Ma wéi et vu sengem Besëtzer Justin Dudoward heescht, hätt de Mupp och fir d'éischt vill Spaass gehat an hätt sech Holz gesicht fir ze zerbäissen. Bis d'Aventure op der Terrasse eng dramatesch Tournure krut.

An engem Video vun 23 Sekonnen, deen den Dudoward op Facebook gedeelt huet, ass ze gesinn, wéi d'Coco opgereegt ufänkt ze billen. Am nächste Moment daucht e Wäisskappséiaadler am Bild op a setzt un, fir sech de Mupp als nächst Moolzecht matzehuelen.

Grad ass d'Coco nach op der Veranda, am nächste Moment péckt den Aadler den Hond a probéiert mat hir dovunzefléien. Ze héieren ass just d'Jéimere vum Mupp an d'Schicksal vum Déier schéngt besigelt. Bis d'Coco bemol awer erëm am Bild opdaucht, ëmmer nach um wéimeren a sech a leschter Nout virun d'Hausdier rett.

Wéi och d'Famill opmierksam gouf, hu si den Hond séier a Sécherheet bruecht. Fir d'éischt huet et esou ausgesinn, wéi wann de Mupp nëmmen e puer Krazerte vun der Begéinung mam Aadler dovu gedroen hätt. Ma déi schaarf Kralle vum risege Vull hu schwéier Blessuren hannerlooss: D'Coco huet misste vum Veterinär versuergt ginn, nodeems d'Famill bemierkt huet, datt Deeler vu sengem Daarm duerch eng Verletzung um Bauch eraushoungen. Ma och hei huet de Mupp bewisen, wéi daper a staark et ass. No dräi Deeg wier d'Coco erëm ganz normal gewiescht a kéint elo rëm am Gaart spillen, "wéi wann näischt geschitt wier".

Wéi no d'Coco dem sécheren Doud war, huet d'Famill awer eréischt verstanen, wéi si d'Iwwerwaachungsbiller vun hirer Entrée gekuckt hunn.