Aus Angscht virun enger Attack vun enger Schwäertwal-Koppel meide Wäiss Haien antëscht hire Liewensraum. Dat soll Afloss op den Ekosystem vum Mier hunn.

Wéi et aus enger am "African Journal of Marine Science" publizéierter Etüd heescht, géinge Wäiss Haien d'Küstegebitt um Gansbaai meiden, dat bis ewell als ee vun de legendäerste Gebidder weltwäit gegollt huet, fir d'Déieren ze gesinn.

Zanter 2017 wieren der Etüd no aacht Wäiss Haien no enger Orca-Attack an der Regioun u Land gespullt ginn, bei siwen dovunner hätt d'Liewer gefeelt, a bei verschiddenen och d'Häerz. Also Wonnen, déi eendeiteg vun der selwechter Schwäertwal-Koppen sinn. D'Fuerscher ginn iwwerdeem dovun aus, datt déi zwee nach aner Wäiss Haien ëmbruecht hunn, déi net u Land gespullt goufen. An der Etüd ginn déi zwee Orcaen Port a Starboard genannt.

D'Resultater aus der Etüd, déi 2017 lancéiert gouf, deiten dorop hin, datt d'Attacken an der Regioun eng séier a laangfristeg Masseverdreiwung vu Wäissen Haien ausgeléist hunn. Zanterhier wiere bei Wäitem net méi sou vill Haien zu Gansbaai um Westkap vu Südafrika gesi ginn. All Joer zitt d'Plaz Touristen aus aller Welt un, déi Wäiss Haien aus "Dauchkäfegen" aus gesi wëllen.

Et géing een also eng "grouss ugeluechte Vermeidungsstrategie" gesinn. "Wat Orcaen d'Plaze méi dacks besichen, wat d'Wäiss Haien ëmmer méi laang fort bleiwen", heescht et vun enger Fuerscherin. D'Absence vun de Wäissen Haie géing iwwerdeem d'Ekosystem vum Mier an der Regioun veränneren, well manner Haien zu enger méi grousser Unzuel u Kapp-Pelzrobbe féieren. Dës hunn nämlech een negativen Afloss op déi vum Ausstierwe menacéiert Pinguinen, déi vun de Robbe gejot ginn.

Weider Donnéeën, déi nach net publizéiert goufen, deiten dorop hin, datt d'Presenz vun de Schwäertwalen an de Küsteregioune vu Südafrika weider zouhuelen. Et geet een dovun aus, datt d'Orca-Koppel zu enger seelener Ënneraart gehéiere kéint, déi Haie friessen an op d'mannst dräi Aarte vun Haie jot. Eigentlech ernäre sech Schwäertwale vu Fësch oder Robben. Deemno kéint d'Ännerung vun der Juegd mat engem Réckgang vu verschidde Fëschpopulatiounen zesummenhänkt, déi bis ewell vun den Orcae gefriess goufen.